Dëse Weekend ginn nees d'Bicher geéiert
D’Walfer Bicherdeeg zielen zanter hirer Aféierung 1995 zu de bedeitendste Rendez-vousen am Grand-Duché. An dat net nëmme fir de Public.
Egal ob geschriwwen, gezeechent, virgelies oder virgespillt. Zu Walfer goufen e Samschdeg Geschichte verzielt an ausgetosch. Knapps eng hallef Stonn nom offiziellen Optakt waren an der Hall Omnisport Prince Henri zu Walfer, d’Sammler an d’Bicherwierm scho virwëtzeg um kucken a sichen. D’Walfer Bicherdeeg sinn zanter 1995 e Grond zur Freed fir kleng a grouss.
Eng néi Editioun mat sëllegen Aktivitéiten an engem attraktivem Rameprogramm. Liesungen, Concerten an Ausstellungen komplettéieren de klassesche Programm vun dësem Weekend. Ma d’Haaptthema bleift natierlech d’Buch. Fir d’Acteuren aus dem Secteur, notamment d’Editeuren an d’Editrice bléift dëst Evenement op nämlech op ville Niveauen e wichtege Rendez-vous.
En vue vum Intérêt vum Public an der Produktivitéit vun der lokaler Zeen sinn d’Deeg vum Buch hei zu Walfer a ronderëm nach laang net gezielt. An dat ganz egal a wéi enger Form.