Den neie Kulturminister Eric Thill hat de Weekend direkt säin éischten Asaz um Terrain, wéi hien en Tour iwwert d'Walfer Bicherdeeg gemaach huet.

Do hätten och scho vill Acteuren aus dem Kulturberäich hir Doleancen un hien erugedroen, esou den Eric Thill e Méindeg no sengem éischte Regierungsrot:

"Ech si ganz kultur-interesséiert, begeeschtert och wann déi allermannst dat vläicht elo direkt esou mengen. Dat hunn ech privat scho gemaach an dat wäert ech elo natierlech ëmsou méi. Ech bieden do awer elo ëm e bëssen Zäit, fir mech an déi Dossieren anzeschaffen. Dat ass net nëmmen an der Kultur esou, och an deenen anere Ministèren. Mä ech sinn héich motivéiert, ech hu vill Iddien an do freeën ech mech eben, mat de Leit vum Ministère an de Leit vum Terrain, deen Challenge unzegoen an dann déi nächst fënnef Joer d'Kultur weider ze stäerken an enger gewëssener Kontinuitéit. Ech mengen, do ass vill an engagéiert déi lescht Jore geschafft ginn, mä natierlech och mat den neien Iddien aus dem Koalitiounsaccord, déi mer da wëllen ëmsetzen, déi nächst fënnef Joer."  

Den Eric Thill iwwert seng nei Aufgab als Kulturminister