Ierfgroussherzoglech Koppel iwwert hir Initiativ "De Mains de Maîtres"
E Mëttwoch den Owend war de Vernissage vun der Ausstellung "De Mains de Maîtres" am Gebai vun der Spuerkeess.
D'Biennale weist all zwee Joer, wat d’Konschthandwierk ze bidden huet, an dat vun de nationalen an internationale Kënschtler. Am Ganze sinn dëst Joer 76 Lëtzebuerger Kënschtler dobäi a bal d'Hallschent dovunner si fir déi éischte Kéier bei der Ausstellung "De Mains de Maîtres" vertrueden.
Et ass déi 4. Editioun vun der Ausstellung "De Mains de Maîtres". Dëst Joer steet alles ënnert dem Motto "le Geste et le Territoire". En Thema, dat scho virun annerhallwem Joer erausgesicht ginn ass. Ma wat virun allem d’Fro, wéi eng Influenz d’Konscht vun engem Land op seng Identitéit huet, opgräift.
Portugal steet also niewent de Lëtzebuerger Artisten am Fokus. An der Iddi. d'Villfältegkeet an de Savoir-Faire vum portugiseschen Artisanat ze weisen.
Eng vun den Ziler vun der Associatioun "De Mains de Maîtres" ass et, d’Konschthandwierk weider ze promouvéieren a genau sou wichteg, net verschwannen ze loossen.
Bis de Sonndeg kann een d’Ausstellung am Gebai vun der Spuerkeess op 19 Avenue de la Liberté kucke goen, an och ausserhalb vun den historesche Mauere kann ee vun engem Kaderprogramm profitéieren.