Wann ee vum Gaston de Luppé schwätzt, da schwätzt ee virun allem zu Arles an der Provence vu kengem onbekannte Numm. Et ass en Numm, dee mat engem wichtege Konschtpatrimoine verbonnen ass, nämlech e Patrimoine a Form vun engem Palais.

De Loup de Luppé, dee mat senger Fra dem Laetitia zu Lëtzebuerg wunnt, huet de Palais vu sengem Grousspapp, dem Gaston de Luppé, geierft. Eng Plaz, déi haut duerch d'Konscht, d'Touristen an d'Awunner vun Arles belieft gëtt.

1905 huet de franséische Sculpteur Gaston de Luppé de Palais kaf. Eigentlech koum hien vu Paräis, ma huet sech wéi vill Kënschtler zu dëser Zäit an d'Provence verléift. De Palais huet eng beweegte Geschicht an ass iwwer d'Joren ëmmer erëm transforméiert ginn. Ma eppes ass awer ëmmer bliwwen: D'Iddi, fir d'Konscht mam Palais ze verbannen. Zesumme mat zwee Kënschtlerkolleegen huet de Gaston de Luppé de Palais an de florentinesche Stil ëmgewandelt.

Fir de Loup de Luppé, dee vun der Säit vu senger Mamm Lëtzebuerger Virfaren huet, ass et wichteg den Esprit vum Palais an domat och vu sengem Grousspapp, bäizebehalen, an ze versuergen. De Sculpteur, deen 1939 verstuerwen ass, huet domat e wäertvollt Ierwen hannerlooss.

Fir d’Laetitia de Luppé ass et wichteg, datt de Palais net zu engem verstëbste Musée gëtt, ma datt d'Wierker vun deemools mat Konscht vun haut verbonne ginn. Haut steet de Palais ënner Denkmalschutz an ass zënter dräi Joer fir Visitten op. Ma och als Tourist kann ee vun dëser eenzegaarteger Plaz profitéieren a seng Vakanz an de Chambre d’hôten am Palais verbréngen.