Zanter der Zäit vun de Film-Rullen huet sech am Kino a punkto Technik vill gedoen. Eng Entwécklung déi hier Virdeeler huet ma och hire Präis.

Rett de Ciné Sura. Sou den aktuelle Credo vum faméisem Kino zu Iechternach. De Grond dofir läit hannert dem Filmsall am Projektiounsraum verstoppt. Et geet dobäi ëm de Projekter. Dee gëtt no laange Jore lues mee sécher de Geescht op.

Ronn 80.000 Euro brauch de Kino fir d’Ersetze vum Projekter, well och den Ecran muss ersat ginn.

Schonn 48.000 Euro konnt de Kino duerch e Crowdfunding, spriech en Appel aux dons, sammelen. Eng bedeitend Zomm, déi d’Relevanz vun dëser kultureller Institutioun ënnersträicht.

De Crowdfunding ass eriwwer. Ma en vue vun der Ënnerstëtzung déi de Ciné Sura, esouwuel vum Publik, ewéi och vu Gemengen a staatlechen Institutiounen krut, dierften hei nach eng sëlleg Rei u Filmer gewise ginn.