Mam Album "Midnights" ass et dem Taylor Swift jo dëst Joer gegléckt, de Grammy fir den Album vum Joer ze gewannen. Dat fir déi 4. Kéier hannerteneen. Domadder huet den US-Popstar alt nees en neie Rekord opgestallt.

"Shake it Off", "Blank Space" oder "Anti-Hero"... et gëtt warscheinlech nëmmen nach wéineg Mënschen, déi net komplett isoléiert op enger Insel liewen, déi nach ni e Lidd vum Taylor Swift héieren hunn. Ob dat elo gewollt oder ongewollt ass. Déi 34 Joer al US-Musekerin aus West Reading, Pennsylvania ka sech op alle Fall  zënter Jore mat Superlativen a Pop-Titane wéi Michael Jackson, Britney Spears oder souguer Elvis Presley an eng Rei stellen.

Vun der Country-Sängerin zum milliarde-schwéiere Pop-Star

Mat 12 Joer huet d'Taylor Swift ugefaange Musek ze maachen, dat gréisstendeels am Country-Genre, ganz am Stil vu senge Virbiller, den Dixie Chicks. Och wann d'Swift vun Ufank un iwwer typesch Problemer aus dem Liewen vun engem wäissen Teenager-Mädecher geschriwwen a gesongen huet, war säin Image ufanks extrem clean, brav an anstänneg, eppes dat et vun anere Kënschtler wärend där Zäit, déi dacks vill Haut a Sexappeal gewisen hunn, ofgehuewen huet an domadder och eng relativ exklusiv Fan-Community opgebaut huet.

Majo schnell iwwerhëlt dem Swift seng Musek awer bewosst a gewollt ëmmer méi Elementer aus dem moderne Pop-Genre, dat awer ouni, dass seng trei Fans sech verrode spieren. Virun allem seng deels banal Texter, déi et awer stilsécher a seng Lidder verpaakt, sinn et, déi d'Fans iwwert d'Jore bei der Staang halen.

Ëmsätz déi sech mat PIBe vu Länner moosse kënnen

Wéi erfollegräich et mat de Jore ginn ass, gesäit een ënnert anerem u senger Musek déi ganz aktuell un de Mann an d'Fra bréngt. Wéi d'Kënschtlerin zum Beispill am November zejoert seng eege Versioun vum Album "1989" erausbruecht huet, waren 24 vu 25 Plazen an de Spotify-Charts mam Taylor Swift senge Lidder besat. Dat weist sech och am Portmonni vum Swift: Exklusiv duerch seng Optrëtter a Lidder huet d'Kinnigin vum Pop iwwert eng Milliard Dollar gemaach, sou Forbes a senger neister Lëscht.

RTL

© SUZANNE CORDEIRO AFP

Wéi gesot, anescht wéi Museker wéi Jay-Z, Bono, Céline Dion, Rihanna a Co., déi hire Kontostand ënnert anerem mam Verkaf vu Merchandise, Kleeder oder anere Produiten, déi an hirem Numm verkaaft ginn, opbesseren, bleift d'Taylor Swift eleng beim Verkaf vu Placken, Concerten, Filmer a Reklammen ganz wäit vir. Dëst schwätzt natierlech dofir, dass d'Fans vum Swift virun allem d'Musek vun der Kënschtlerin an de Mëttelpunkt stellen an och ënnerstëtzen.  Den 12. Album "Speak Now" (Taylor's Version) huet d'Sängerin beispillsweis zu der Fra mat de meeschten Albumen simultan an den US-Charts gemaach, dat virum Barbra Streisand.

Eras Tour - Eng Welttournée, déi all Rekorder brécht

Apropos "Concerten", fir bei de Superlativen an der verréckter Welt vun de Swifties (Fans vum Taylor Swift) ze bleiwen. Fir déi ausverkaafte Welttour mam Numm "Eras Tour" wäert d'Swift 151 Concerte spillen, dat op 5 verschiddene Kontinenter a wäert hei wäit méi wéi 5 Milliarden Dollar ëmsetzen. Iwwregens gëtt et keen Datum dovunner fir e Concert zu Lëtzebuerg, hei wieren einfach d'Kapazitéiten am Land bis ewell net ginn, fir e Weltstar a sengem Format an de Grand-Duché ze bréngen.

RTL

© SETH HERALD GETTY IMAGES NORTH AMERICAGetty Images via AFP

Vu dass d'Tour ausverkaaft ass, klammen, déi schonn relativ héich regulär Ticketspräisser, an deels astronomesch Héichten. Sou muss een séier, amplaz den normalen 200 Euro, och scho mol 1.000, 2.000 Euro, oder wäit méi, op den Dësch leeën. An dat séier, well et ginn tatsächlech genuch Leit, déi dës Präisser och berappen. Ob dat eng gesond Entwécklung ass, sieft emol dohigestallt. Dass eng Kënschtlerin méi Geld mécht, wéi de PIB vu 35 Länner op der Welt, ass op alle Fall "remarkabel".

D'Taylor Swift am Kino an seng nei "Léift" fir d'NFL

Wiem dat alles ze vill fir säi Portmonni ass, kann d'Taylor Swift op senger Tour an de Kino kucke goen. 3 Stonnen dauert de Concertsfilm an huet den 1. Weekend ronn 92 Milliounen Dollar agespillt, dat ouni eng gréisser Kooperatioun mat engem Filmstudio, wéi dat an sech an der Reegel gemaach gëtt.

Trailer Era Tour

Dass den US-Star elo och nach mam beléifte Footballer Travis Kelce zesummen ass, kann als e weidere Coup ugesi ginn. Net nëmme kucken elo Leit Matcher, déi sech soss ni fir de Sport interesséiert hunn, ma och d'Fans vun der NFL kommen elo net laanscht d'Pop-Queen. An et ass jo gewosst, wéi vill Leit an den USA dëse Sport suivéieren.

E Stopp vum Erfolleg vum Taylor Swift ass jiddwerfalls an nächster Zäit net an Aussiicht.