"Man sieht nur mit dem Herzen gut. Das Wesentliche ist für die Augen unsichtbar." Ganz passend zum Haaptthema vun hirem Jugendbuch "Wunder" zitéiert d'Autorin Raquel J. Palacio den Antoine de Saint-Exupéry, dee mat sengem klenge Prënz d'Häerzer vu Millioune Mënschen erreecht huet.

Ee klenge Mann, dee schwéieren Häerzens säi butzege Stär verloosse muss, fir eraus an d'Welt ze zéien an allerhand verschiddene Personnagen ze begéinen. Duerch déi sëlleg droleg, verwonnerlech an och alt erschreckend Begéinungen, kritt de klenge Prënz e bessert Versteesdemech fir seng eege Wäerter a Perséinlechkeet. Hie wiisst un den neien Erfarungen.

Esou geet et och dem August Pullmann a "Wunder". Den "Auggie", wéi hie léif genannt gëtt, verbréngt seng éischt 10 Liewensjoren zimmlech behitt, wéi an enger "Bubble". Seng Mamm ënnerriicht hien esoulaang doheem, bis si un hir mathematesch Grenze kënnt. Den August ass ganz schlau an d'Elteren decidéieren, dass hien elo besser an enger Schoul - der Beecher Prep Middle School - soll gefërdert ginn. Déi ass ganz nobäi an huet ee gudde Ruff, besonnesch wat d'naturwëssenschaftlech Fächer ugeet a fir déi brennt den intelligenten August ganz speziell.

Trotzdeem ass jidderee sech bewosst, dass dat net einfach wäert ginn. Den August ass ënner anerem vum Treacher-Collins-Syndrom betraff. Ee ganz rare Gendefekt.

D'Via, seng Schwëster am Roman, beschreift:

"Ich habe August nie so gesehen wie andere Leute. Ich wusste, dass er nicht gerade normal aussieht, aber ich habe nie wirklich verstanden, warum Freunde so geschockt wirken, wenn sie ihn anschauen."

D’Via ass ganz matfillend fir säi klenge Brudder, dee schonn esouvill Operatiounen huet mussen iwwert sech ergoe loosse fir iwwerhaapt kënnen ze liewen. Am Buch wiessele sech verschidden Erzieler of, fir hir Siicht, hir Gedanken an Emotioune matzedeelen. Et spiert een als Lieser ganz genee, dass zesumme mat enger Persoun, déi ee Leidenswee huet, vill Mënsche ronderëm déifgrënneg betraff sinn – am beschte Fall. Et muss fuerchtbar sinn, als kranke Mënsch eleng dozestoen.

Leider goung et dem mëttlerweil prominente Jono Lancaster schonn direkt am Ufank vu sengem Liewen esou. An enger Galileo-Reportage bericht hien, wéi hien anere Betraffene vum Treacher-Collins-Syndrom versicht Courage ze maachen a generell zum Beispill a Schoulen iwwert de seelene Gendefekt wëll opklären.

Obwuel seng Elteren hie 36 Stonnen no der Gebuert trotz oder wéinst sengem Ausgesinn an der Maternité zeréckgelooss hunn, huet hien ni opgehale mat kämpfen. Eng Fleegemamm huet hie mat vill Léift an Ënnerstëtzung groussgezunn an dono och offiziell adoptéiert.

2012 huet de Jono d'Fakel bei den Olympesche Spiller zu London gedroen an hien hält Virträg virun Honnerten Nolauschterer. Aktiv ënnerwee an de soziale Medien, gëtt hien awer och dacks mat Hate-Speech konfrontéiert, wat him natierlech ëmmer wéideet. Hien huet dofir d'Associatioun "Love me, love my face" gegrënnt an een Dokumentarfilm vu bal enger Stonn mam selwechten Numm ass op Youtube ze fannen.

D'US-Amerikanerin Raquel Jaramillo, déi och als Grafikdesignerin geschafft huet, huet ënnert dem Pseudonym Raquel J. Palacio 2012 d'Geschicht vum August, Via, Summer, Jack, Justin a Miranda geschriwwen. Dës jonk Mënsche stinn an engem frëndleche Verhältnis zoueneen. An der Fortsetzung kommen aner Teenager zu Wuert, wéi zum Beispill de Julian, dee schrecklech gemeng vis-à-vis vum August ass an esouguer versicht, hie mat alle Mëttel aus der Schoul erauszemobben. Anerer fäerdeg maachen, well ee selwer Angscht a Suergen huet, dat gëtt hei thematiséiert.

2017 gouf de Jugendroman verfilmt, mam Julia Roberts an Owen Wilson als Elteren an dem Jacob Tremblay als August Pullmann. Vill kennen d'Geschicht duerch de Kino: dee klenge Jong, dee mat sengem Astronautenhelm doruechter geet bis en e muss ausdoe fir an d'Schoul.

D'Buch "Wunder", wat scho milliounemol verkaf a mëttlerweil a méi wéi 50 Sproochen iwwersat gouf, ass mir op "wonnerbar" Aart a Weis quasi an d'Gräpp gefall. No engem deftege Mëttegiesse wollt ech mir zu Miersch am Park e bëssen d'Been vertrëppelen a koum dobäi laanscht eng schéin, aluedend Bicherkabinn. Dat rout Täschebuch stoung ganz neelech um Rand vun enger Stellage an hat de Bulli um Buedem wuel scho vu méi no gesinn. Ech wollt et e bësse propper maachen an op eng méi "sécher" Plaz stellen, wéi mir den Autocollant "Spiegel-Besteller" an d'A gefall ass. "Ausgezeichnet mit dem Deutschen Jugendliteraturpreis" stoung och ënnen drop. Zack, net laang gefackelt an an de Rucksak domat! A wéi et fir d'Bicherkabinnen usus ass, bréngen ech et och geschwënn zeréck, versprach!

Ee grousse Merci geet un déi Persoun, déi et fir eis all dohinner bruecht huet.

RTL

Eng Versioun fir méi jonk Lieser / © Hanser Verlag