"Die Väter haben immer Recht" den 21., 23. a 24. Abrëll am TNL
Den däitschen Dramatiker Heiner Müller gëllt als ee vun de bedeitendsten Auteuren aus der DDR-Zäit.
Als Lyriker, Realisateur, Dramaturg an Intendant an als brillanten Denker an e Meeschter vun de Wierder war hie bekannt. An der neier Theaterproduktioun "Die Väter haben immer Recht" geet et ënner anerem ëm d'Renconteren, déi de franséisch-däitschen Acteur Bernard Bloch mam Heiner Müller hat.
Den Heiner Müller huet seng Matmënsche mat senge Wierder erausgefuerdert an zum Nodenken animéiert. Säin Afloss huet d'Literatur an Theaterwelt nohalteg gepräägt. De Bernard Bloch huet den Heiner Müller tëschent 1982 an 1995 véier Mol getraff. Markant Renconteren, déi de Schauspiller a Regisseur inspiréiert hunn.
De Bernard Bloch:
"Wéi ech d'Stéck geschriwwen hunn, konnt ech Parallellen tëschent dem Heiner Müller, eng Zort symbolesche Papp, a mengem eegene Papp zéien. Mäi Papp war en däitsche Judd, deen 1911 gebuer ass, den Heiner Müller ass 1929 op d'Welt komm. Et ass also net déi selwecht Generatioun, mee si haten immens vill gemeinsam. Ganz vill anekdotesch Saachen, wéi zum Beispill dass si alle béid Zigare gefëmmt hunn. Mee awer och méi déifgräifend Saachen, nämlech hir ironesch Vue op d'Welt."
"Die Väter haben immer Recht" gräift domat och d'Fro vun der Paternitéit op.
De Bernard Bloch:
"Den Heiner Müller sot 'Vaterschaft ist keine natürliche Bindung', wat deemools e Skandal war. Ech mengen awer, datt e Recht huet. Et ass bësse wéi d'Simone de Beauvoir scho sot: 'On ne naît pas femme, on le devient'. Et ass ee kee Papp, mee et gëtt ee Papp, oder eben och net."
De Bernard Bloch huet gläich zwou Versioune geschriwwen, eng op Däitsch, gespillt vum Marc Baum an eng op franséisch, wou hie selwer op der Bün steet. D'Musek, geschriwwe vum Pascal Schumacher a gespillt vum Chiahu Lee ass fir Theaterstéck e wichtegen Outil.
De Bernard Bloch:
"D'Musek ass eise Partner. Et ass en Dialog, wéi wa mir d'Wierder dohi schécken an et kënnt a Form vu Musek zréck. Si stimuléiert eis Gedanken, eis Imaginatioun an d'Poesie vum Text."
Bei "Die Väter haben immer Recht" treffe Realitéit a Fiktioun openeen. A wéi den Heiner Müller selwer sot: "Das Theater ist ein Ort des sozialen Prozesses."
Den 21., 23. a 24. Abrëll gëtt "Die Väter haben immer Recht" / "Les pères ont toujours raison" am TNL gespillt.