Soll besser presentéiert ginn
Direktesch vum Louvre fir en "Eenzelzëmmer" fir d'Mona Lisa

© ANTONIN UTZ AFP
D'Dierktesch vum Louvre Laurence Des Cars huet sech an engem Interview mat France Inter dofir ausgeschwat, dass d'Mona Lisa an engem eegene Sall ausgestallt gëtt.
Et wier ëmmer "frustréierend" wann d'Konditioune fir d'Presentatioun vun engem Konschtwierk net ideal wieren, sou d'Crar. Dat wier beim berüümte Bild vum Leonardo Da Vinci leider der Fall. Dowéinst géif een an Ofstëmmung mam franséische Kulturministère iwwer Verbesserungen nodenken, déi der Muséesdirektesch no néideg wieren.
Aktuell géifen der Cars no all Dag iwwer 20.000 Visiteure sech d'Mona Lisa ukucken. Den Ament hänkt d'Bild an der Salle des Etats, dem gréisste Raum am Louvre.
Am meeschte gelies