De 77. Filmfestival zu Cannes ass lancéiert
D'Lëtzebuerger Schauspillerin Vicky Krieps ass dëst Joer deel vun enger Jury um Filmfestival zu Cannes.
Dat 77. Filmfest zu Cannes steet virun der Dier. En Dënschdeg den Owend war den Optakt vum Festival, dee versprécht vun sech schwätzen ze doen.
Engersäits duerch de Concours vun de nominéierte Filmer, anerersäits duerch Mëssstänn an der Branche selwer. Nach am Hierscht gouf zu Hollywood gestreikt, fir op schlecht Aarbechtsbedingungen opmierksam ze maachen. Et gi vun der Organisatioun awer och gréisser Protester erwaart am Kader vun der Me-Too-Beweegung. Zwee franséisch Regisseuren an de Schauspiller Gerard Depardieu sinn aktuell wéinst Fäll vu sexuellem Mëssbrauch ugeklot.
De Filmfestival zu Cannes ass ee vun deene wichtegste Filmfestivaller an der Kulturzeen. All Joer ass den Event am Mee, méi genee spillt sech den Haaptdeel am Palais des Festivals et des Congrès of.
Am ganze ginn et an 10 Kategorië Präisser ze huelen. Den Haaptpräis dréit sech ëm déi gëlle Palm. D’Presidentschaft vun der Jury huet dëst Joer d’Greta Gerwig. Si ass selwer Schauspillerin a Regisseurin. Filmer, an deenen si d’Regie gemaach huet, sinn zum Beispill "Barbie", awer och "Little Women" (d’Neiverfilmung vun 2019) oder "Lady Bird".
An der Jury vun der Kategorie "Un certain regard" ass dëst Joer ënner anerem och d’Lëtzebuerger Actrice Vicky Krieps. Si war den Dënschdegowend dofir och um rouden Teppech ze gesinn.
Op der Ouverture ass d’Meryl Streep mat engem Präis fir hiert Liewenswierk ausgezeechent ginn. Och de George Lucas soll dëse Präis kréien. De Filmfestival ass gëschter ugaangen a geet nach bis de 25. Mee.