Rätsel geléist?
Mona Lisa souz wuel beim Comer Séi
Zanter Jore ginn et ëmmer nees Theorien, déi d'Rätsel ronderëm den Hannergrond vum Leonardo Da Vinci sengem weltbekannte Portrait wëlle geléist hunn.
Esou Decouverte ginn dann awer och ëmmer vun Experte kontestéiert. Eng amerikanesch Geologin wëll elo wierklech erausfonnt hunn, wéi eng Landschaft genee der Mona Lisa hiert zefriddent Laache provozéiert huet. D'Bierger am Hannergrond, de Séi an d'Bréck sollen zu Lecce gehéieren, direkt beim Comer Séi.
Am meeschte gelies