De Mee ass de Mount vum Flamenco zu Lëtzebuerg!

Scho fir d'17. Kéier gëtt zu Esch de Flamenco Festival gefeiert.

Sevilla, Granada, Esch-Uelzecht. Wat all dës Stied matenee verbënnt ass - natierlech - de Flamenco. Eng eenzegaarteg Konschtform, déi vill méi ass wéi just eng Touristenattraktioun. De spuenesche Kulturzenter Circulo Antonio Machado organiséiert zënter bal zwee Joerzéngten e Flamenco-Festival dee mëttlerweil eng international Renommée erreecht huet.

Musek, Danz, Filmer an Ateliere stinn um Programm, deen um Freideg 24. Mee mam Danzspektakel  "La Bailarina Salvaje" (La danseuse sauvage) vun der Lucía Ruibal an der Escher Kulturfabrik ufänkt.

RTL

© Lucía Ruibal

An der Welt vum Flamenco ass den Escher Festival fir seng familiär Atmosphär beléift, an dat féiert dozou, dass bekannte Flamenco-Kënschtler ëmmer nees gären an d'Minettmetropole kommen. Ee vun hinnen ass de Jeromo Segura, dee vu sengem Optrëtt profitéiert, fir säin neien Album "Blas Infante y sus Musicas" an Avant-Première virzestellen. Hie gëtt vun der Dänzerin Milena Tejada begleet. Mat dobäi sinn awer och seng Duechter Estrella a säin Neveu Josúe, déi zu Esch eng éischte Kéier wäerten op der Bün stoen.

D'Konscht vum Flamenco gëtt dacks vun Elteren un hir Kanner weiderginn. Et muss een awer net aus enger Flamenco-Famill kommen, fir se ze léieren. Dofir ginn och dëst Joer Ateliere ronderëm d'Themen Danz, Gittar a Gesang ugebueden.

Déi schlecht Nouvelle: se si leider schonn ausgebucht!

Och fir d'Optrëtt vun den "Dos Lucías", der Dänzerin Lucía Ruibal de 24. Mee an dee vun der Lucía Álvarez "La Piñona" den 31. Mee am Escher Theater si just nach e puer Plazen ze kréien.

Fir d'Spektakele vum Jeromo Segura, dem Marco Flores an dem Antonio Molina "El Choro", deen de Festival den 1. Juni an der Kulturfabrik mat enger moderner Danz-Performance ofschléisst, sinn nach Billjeeën do. Et soll een awer net ze laang waarden, fir ze reservéieren.

RTL

© Paulo Lobo

Wie sech elo wierklech net op Esch deplacéiere wëll (an dat wier schued) , dee kann sech an der Stater Cinemathèque dräi Filmer zum Thema Flamenco ukucken.

"En mis zapatos" ("A menge Schong", 28. Mee um 18.30 Auer) vum Pedro Morata erzielt d'Geschicht vum Dänzer Paco Mora, dee seng Karriär opgëtt, fir sech ëm seng Mamm ze këmmeren, déi un Alzheimer leit. Mä déi eeler Damm huet en Dram: si géif selwer gäre Flamenco danzen. Hire Jong decidéiert, hir dëse Wonsch z'erfëllen.

RTL

"Gurumbé" vum Miguel Angel Rosales (28. Mee um 20.00 Auer) analyséiert afrikanesch Aflëss an den Ufankszäite vum Flamenco an Andalusien.

An "Fernanda y Bernarda"  (29. Mee um 20.30 Auer) geet et ëm zwou Sängerinnen, déi de Flamenco an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert markéiert hunn.