"One Vision of Queen feat. Marc Martel" kënnt an d'Rockhal
Et handelt sech ëm eng vun deene beléiftsten Tribut-Showen, déi fir déi brittesch Rockband Queen op der Tour sinn.
Hannert der Show stécht de 47 Joer ale Kanadier Marc Martel, deem seng Stëmm där vum Queen-Sänger Freddie Mercury därmoossen änelt, dass en am Film "Bohemian Rhapsody" souguer seng Stëmm dem Freddie Mercury geléint huet. Do virdrun huet hien u sech u senger eegener Musek geschafft an ass 2001 op Nashville geplënnert, fir mat senger chrëschtlecher Rockband "Downhill" sou richteg duerchzestarten. Ëmmer rëm gouf hien awer vu Leit aus der Audienz op seng Ähnlechkeet mam Freddie Mercury ugeschwat.
2011 war Queen op der Sich no Museker, fir eng offiziell Tribut-Band mam Titel "Queen Extravaganza" op d'Been ze stellen. De Marc Martel huet dunn e Cover vu "Somebody To Love" erageschéckt. Op YouTube huet de Video Welle geschloen a gouf an Tëschenzäit iwwer 22 Millioune Mol gekuckt.
Zanterhier huet de Marc Martel aus där Ähnlechkeet ee Job gemaach, ass jorelaang mat "Queen Extravaganza" op Tour gewiescht an ass elo mat senger eegener Tribut-Show weltwäit ënnerwee. Den 13.Oktober kann een da richteg an de Queen-Universum andauchen, wann de Kanadier säin "One Vision of Queen" an d'Rockhal bréngt.
Méi Informatiounen dozou an déi lescht Tickete ginn et hei.