Vum 5. bis de 7. Juli gëtt d'Gréiweschlass rëm gerockt.

Musek, Konscht, Iessen a Gedrénks fir déi ganz Famill - dat versprécht de "Beautiful Decay Festival", dee sech elo fir eng 3.Editioun zeréckmellt. Iwwer dräi Deeg ginn am Gréiweschlass zu Käerch d'Ouere verwinnt.

Déi, déi sech éischter fir elektronesch Musek interesséieren, kommen e Freide vun 19h15 un op hir Käschte wann de Svensøn, Marek Hemmann a Samwell opleeën. Samschdes geet et op zwou Büne weider, ënner anerem mat Royel Otis, Maz Universe, Absteige, Easy Easy an dem Sixo. Den Ofschloss maachen dëst Joer ënner anerem de Serge Tonnar, Joel Marques a Boy From Home um Sonnden.

Donieft gëtt et e "Craftwork Village" mat 50 lokalen Artisten, eng Ausstellung vun der Kënschtlerin Rita Gierens an och d'Kanner komme Samschdes a Sonndes mat Live Acts a Workshoppen am Kader vum "Kids Festival" op hir Käschten.

De ganze Line-Up a méi Informatioune ginn et op hirem Site.