Zanter e Freideg den Owend ass d'Luxexpo Open Air-Saison lancéiert.

Den Optakt hunn d'Smashing Pumpkins viru ronn 9.000 Fans gemaach. Et war déi véierte Kéier, datt d'Band ëm de Leadsänger Billy Corgan zu Lëtzebuerg war.

Déi lescht Optrëtter vun der Band si scho laang hier. 2013 an 2011 stounge si an der Rockhal op der Bün, 2007 war et nach am Atelier. Datt se elo nees zeréck an de Grand-Duché komm sinn, huet e Grond. "Et ass wuel eis gréissten Europa-Tour zanter 97-98", huet de Billy Corgan am Interview mam RTL Today Moderator Steps Lowe gesot. Den Interview gouf am Virfeld vum Concert gemaach.