"Garden Delights" Festival ass erëm do

© neimënster
Vun Neo Soul iwwer Rap bis hin zu Jazz an Elektro - egal wéi ee Museksgenre ee gären huet, um Line-up fënnt ee sécherlech Senges.
Et ass schonn déi drëtt Editioun vum Festival, bei deem een ënner fräiem Himmel am Kräizgaart vun der Abtei Neimënster an déi verschidde musikalesch Universë vun ausgewielte Museker kann andauchen - dat, an engem intime Kader.

© neimënster
Den Optakt mécht dëst Joer déi 25 Joer jonk, multidisziplinär Kënschtlerin Reinel Bakole aus der Belsch. Am Februar dëst Joer huet si hiren Debut-Album "Healing Exhaustion" erausbruecht an domat hir Positioun als steigende Stär an der avantgardistescher Soul- an Jazz-Zeen weider zementéieren.
Den Dag drop iwwerhëlt den däitsche Museker Niklas Paschburg, dee fir seng progressiv Approche an interessant Mëschung aus neo-klasseschen Téin an elektronescher Musek bekannt ass. E Freideg 5.Juli, ass et dann un der Lëtzebuerger Band "The Tame and the Wild", fir d'Audienz mat hirem Indie-Folk matzeräissen.

© neimënster
E Samschdeg läit de Fokus dann op der Lëtzebuerger Schrëftstellerin an Dichterin Anise Koltz, déi zu hire Liefzäiten ënner anerem de "Prix Batty Weber" (1996), de "Prix Servais" (2008, fir hiert Wierk "L'ailleurs des mots") an och de "Prix Goncourt de la poésie" (2018, fir hiert Liewenswierk) krut. De 6.Juli begleeden hir Wierker d'Partitioune vu siwe renomméierten Artisten: dem Kae Shiraki, Aniela Stoffels, Max Mausen, Anik Schwall, Guy Frisch, Emre Sevindik a Victor Kraus. De groussen Ofschloss maachen dann e Sonndeng de Gittarist a Komponist Eran Har Even souwéi de Rapper a Museker Maz Univerze.
Begleet gëtt déi ganz Editioun vun enger Zeenographie, déi vum Kollektiv "Velvet Flare" mat Projektioune gemaach gëtt. Méi Informatiounen an Tickete fir de "Garden Delights" Festival ginn et hei.