E Concert, dee Loscht op den nächsten Album mécht
Et war net déi éischte Kéier, datt déi brittesch Rockband Snow Patrol zu Lëtzebuerg gespillt huet, an hoffentlech net déi Lescht.
Och wann et direkt beim zweete Lidd eng kleng technesch Pann gouf, well d'Mëschpult vun der Band sech opgehaangen hat, ass déi kuerz Ënnerbriechung sécherlech dat lescht, wat dem Public an Erënnerung bliwwen ass vum Concert um Parking vun der LuxExpo um Kierchbierg.
Mam Sonnenënnergang war d'Ambiance vum Ufank un ideal. Wat et méi spéit a méi däischter ginn ass, huet och d'Bünebild geännert an eng Stëmmung kreéiert, déi d'musikalescht Talent vun der Band ënnerstëtzt huet. Siwe Studioalbe ginn et scho vu Snow Patrol.
No 6 Joer kënnt am September de neien Album "The Forest is the Path" vun der brittescher Band eraus. E klenge Virgeschmaach dorop gouf et och wärend dem Concert e Sonndeg den Owend, dee vum Atelier organiséiert gouf. Ma et waren awer haaptsächlech déi al, a wuel bekanntste Lidder vun der Band, déi de Public matgerappt a gepaakt hunn.
Déi charmant an authentesch Manéier vum Leadsänger Gary Lightbody huet kee kal gelooss, a säi Laache war carrement ustiechend. D'Freed an d'Loscht un der Musek vun der ganzer Band ass direkt op de Public iwwersprongen an huet dofir gesuergt, datt d'Leit Lidder eent zu eent matgesongen hunn. D'Sympathie, d'Positivitéit an d'Laache vum Sänger, mee och seng Interaktioune mam Public, hunn ee gepaakt. Et ass ëmmer rëm schéi Kënschtler op enger Bün ze gesinn, déi mat vollem Häerzblutt Musek maachen, deenen een ofgesäit, datt se Freed un deem hunn, wat se maachen an déi Freed mat engem Public kënnen deelen.
E Concert, dee Loscht mécht op de nächsten Album vu Snow Patrol, an d'Hoffnung, datt d'Band de Wee zréck op Lëtzebuerg fënnt. Aktuell sinn d'Datumer fir d'nächst Joer ënnert anerem zu Paräis a Bréissel annoncéiert.