Brittesche Soul-Funk vum Feinsten
Op engem Méindeg Owend e Lëtzebuerger Public zum danzen ze kréien, ass net evident! Fir d'brittesch Band Jungle huet dat awer wéi e Kannerspill gewierkt.
Ugefaangen hu se direkt mat engem vun hire bekanntste Lidder "Busy Earnin", an deem et heescht "You can't get enough", wat wéi d'Fauscht op d'A passt, well een och vun Jungle einfach net genuch ka kréien.
De britteschen Duo gëtt bei hire Live-Optrëtter vu sechs weidere Museker ënnerstëtzt, déi perfekt openeen ofgestëmmt sinn an annerhallef Stonn laang net just fléissend Iwwergäng vun engem Lidd op dat nächst garantéiert hunn, mee och fir eng enorm Stëmmung a gutt Laun gesuergt hunn.
D'Rockhal selwer huet d'Band als ee vun den Highlighte vum Joer annoncéiert, an dat war et och a mengen Aen.
D'Energie vun Jungle ass ustiechend, d'Aflëss vun Hip-Hop, R&B an Disco Sounds suerge fir Diversitéit an hirer Musek an hire ganzen Universum léisst een dreemen an alles ronderëm sech vergiessen.
Eng Formatioun, déi live nach méi iwwerzeege ka wéi op hire bis ewell véier Studioalben. Minimalistesch Luucht- a Video-Projektiounen, charmant Museker, déi op gekonnte Manéier a mat enger Liichtegkeet mam Public interagéiert hunn a grouss Ballonen, déi duerch de Public geflu sinn, hunn de Concert an der Rockhal perfekt gemaach.