Mam Duke Fakir ass elo och de leschten originale Band-Member gestuerwen

An de 60er Joren huet dat legendäert Motown-Quartett "Four Tops" e sëllegen Hits erausbruecht.
De Matbegrënner Duke Fakir ass am Alter vun 88 Joer a sengem Haus zu Detroit gestuerwen, dëst un Häerzversoen. Dat mellt ënnert anerem d'Detroit Free Press a berifft sech op seng Famill.
De gebiertegen Abdul Fakir war de leschten nach liewegen Original-Member vun de Four Tops. D'Band bestoung aus him, dem Fakir Levi Stubbs, dem Renaldo "Obie" Benson an dem Lawrence Payton. Si si vun 1953 bis 1997 zesummen opgetrueden.
Zu de groussen Hits vun de Four Tops gehéiere Lidder wéi "Baby I need your your lovin", Reach Out, I'll be there" oder nach "I can't help myself". Hire Sound war elementar fir d'Popmusek aus de 60er Joren.
Am Joer 1990 gouf déi 4 Grënnungsmemberen an d'Rock and Roll Hall of Fame opgeholl. Si hunn iwwer zwou Dose Studioalbe wärend hirer Karriär opgeholl.
Iwwerdeems Stubbs, Benson a Payton an den 1990er an 2000er Jore verstuerwe sinn, ass de Fakir nach jorelaang mat neie Sänger opgetrueden, bis gesondheetlech Problemer senger Karriär am Joer 2023 en Enn gesat hunn. Elo ass hien am Alter vun 88 Joer gestuerwen.