Concert vum Lena ofgesot

© Marius Knieling
Geplangt war den Optrëtt vun der däitscher Sängerin Lena e Samschden den Owend am Kader vum Echterlive zu Iechternach.
Aus gesondheetleche Grënn gëtt dëse Rendez-vous, an deen zu Stuttgart e Freideg awer elo ofgesot. Et ass bis ewell deen drëtten Optrëtt, deen d'Sängerin ofseet. Déi fréier Eurovision-Gewënnerin huet op hirem Instagram eng méi detailléiert Sproochnoriicht un hir Fans geriicht. Hei betount si, wéi Leed et hir deet a seet hire Fans Merci fir hir Concerten. E Sonnde wier si fir déi drëtte Kéier virun der Show mat heftege Krämp an d'Urgence komm.
Wien d'Lena um Echterlive Festival ersetze wäert, ass bis ewell nach net bekannt. Ma d'Organisateure sichen no enger Alternativ. D'Sue fir Tickete kritt ee bei de jeeweilege Virverkaf-Plazen zréck.