De brittesche Blues-Pionéier John Mayall ass am Alter vun 90 Joer gestuerwen.

De Museker, deen eng ganz Rei Instrumenter gespillt a gesongen huet, wier "friddlech Doheem a Kalifornien" gestuerwen, sou d'Famill vum Mayall en Dënschdeg iwwer déi sozial Medien. Et gouf näischt iwwer d'Doudesursaach matgedeelt. Et huet just geheescht, datt "gesondheetlech Probleemer" elo "zum Fridde" fir den 90 Joer ale Museker gefouert hätten.

Zanter den 1960er Joren hat de Mayall de Blues gepräägt wéi nëmme wéineg aner brittesch Museker. An där vun him gegrënnte Band "The Bluesbreakers" hunn iwwer Joerzéngte vill Stare gespillt. Beispillsweis ass doduerch de Gitarrist Eric Clapton an d'Ëffentlechkeet komm. Fréier Memberen hu Bands wéi Fleetwood Mac oder d'Rolling Stones gegrënnt respektiv an dëse gespillt.

Nach bis an den héijen Alter huet de brittesche Museker a Bandleader reegelméisseg Concerte ginn.