De Freideg den Owend war den Optakt vun der 6. Editioun vum Echterlive Festival an dat mam Headliner Wincent Weiss.

De Sänger a Songwriter ass net méi aus der däitscher Musekszeen ewechzedenken a konnt di lescht Jore grouss Succèse feieren, ënner anerem och mat sengen Arena-Touren. Zu Iechternach huet de Wincent Weiss da virun 3.400 Leit gespillt. 
 
Fir den däitsche Sänger si Concerten di schéinste Plaz op der Welt. 2 Stonnen alles vergiessen a lassloossen. An genau sou kann ee wuel och de Concert zu Iechternach beschreiwen.

«Mir hunn all d’Lidder am Gepäck, di d’Leit aus dem Fernsee an dem Radio kennen. Ech fannen, wann een den Hit net spillt, op dee jidderee waart, dierf een als Kënschtler net vun der Bün goen. Dofir spille mir och alles, wou de Publikum haart ka matsangen. Ech hunn zënter 8 Joer di selwecht Band, mir sinn en agespillten Team an ech erziele vill op der Bün. Ech probéieren och nach e puer Messagë mat op de Wee ze ginn, virun allem fir de méi jonke Publikum. Mir bréngen en bonten 2 Stonne Programm mat, mat Freedefeier, Konfetti an alles wat dozou gehéiert.» (Wincent Weiss)

120.000 Leit waren am Ganzen 2023 um Wincent Weiss senger Arena-Tour dobäi. Domat zielt hien zu de bekanntsten a beléifsten däitsche Museker vun haut. Dëst Joer geet hien iwwert de Summer op Open Air Tour.

« Béides huet seng Vir- an Nodeeler. Ech fannen haut kann ee sech vill méi mat de Leit verbannen, mat hinne schwätzen an op Plakater agoen, wéi elo bei de ganz grousse Massen. An enger Arena huet een natierlech di perfekte Luucht a Wiederverhältnisser. Et gëtt kee Reen, leider och keng Sonn, mee et kann ee mat der Luucht an der Leinwand vill méi spillen a vill méi maachen. Beim Open Air brauch een dat alles net, wann d’Wieder matspillt ass et wéi e schéine Sonnenënnergang-Owend, dee mat Live Musek ënnerstrach gëtt.»  (Wincent Weiss)

De Samschden den Owend sollt dann och di däitsch Sängerin Lena Meyer Landrut spillen, aus gesondheetleche Grënn huet si de Concert missen ofsoen.

«Fir eis ass dat natierlech eng extrem Erausfuerderung, well een a kuerzer Zäit Ersatz muss fannen. Dofir si mir frou, datt mir vill Leit aus der Zeen kennen, di eis konnten hëllefen. Ech hoffen, datt d’Leit solidaresch sinn a bei eis kommen an da gëtt dat e super Owend.» (Maxime Bender – Direkter Trifolion an Organisateur vum Echterlive)

D’Wilhelmine, Klein an den Edsun stinn elo amplaz vum Lena um Programm an de Sonndeg ass dann en Owend just mat Lëtzebuerger Museker a Musekerinnen. A fir de Wincent Weiss geet et elo mol bis September weider mat senger Summertournée an 2025 kënnt dann di nächst grouss Arena Tour.

«Dat gëtt déi drëtt Arena-Tour an zwou hu mer bis elo am normale Set-up gemaach. An elo fir di drëtt wëll ech kucken, wat een nach Neies ka mat erabréngen. Also mir wäerten eng Kéier alles iwwert de Koup werfen a nei maachen an da kucke mir, wéi et ukënnt.» (Wincent Weiss)