D'Lëtzebuerger Musekszeen verléiert ee vun hiren Pionéier vun der populärer Musek aus den 80er Joren.

Am Alter vun 64 Joer ass de Jean-Paul Endré um Weekend nëmmen e puer Deeg no sengem Gebuertsdag verscheet.
De gebiertegen Escher Artist war Co-Fondateur a Frontmann vun der Kult-Formatioun Djuju, déi sech 1983 forméiert hat.
 
D'Band huet d'Lëtzebuerger Büne mat enger exzeptioneller Mëschung vu Latino-, Funk-, Salsa- a Reggae-Rhythme begeeschtert. Ëmmer mat virbäi war de Jean-Paul Endré, deen och Gittarist vun der Band war. Virun 10 Joer huet Djuju hire leschte vun 9 Alben erausbruecht.

FB-Post

De Jean-Paul Endré huet nieft der Musek och geschriwwen: Sou huet den Enseignant ënnert dem Pseudonym "Teacher" virun 20 Joer d'Geschicht "Edgar der Rabe" geschriwwen, déi d'Kanner fir den Ëmweltschutz sensibiliséiert huet.

RTL

De Jean-Paul Endré, a senger Funktioun als Schoulmeeschter an engem Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg, am Joer 2006. / © RTL-Archiv

DJUJU - Humeur Stressée (Official Video)