
Den US-President denkt driwwer no, der Strooss vun Hormus säin Numm ze ginn. Well d'Mieresenkt elo ënner US-amerikanescher Kontroll géing stoen, freet hien op de Soziale Medien, ob se net an Trump-Strooss sollt ëmbenannt ginn. Doduerch géing de Waasserwee, wéi Amerika selwer, méi "hot" gi wéi jeemools virdrun.
Den Donald Trump hat an de leschte Woche gedreet, déi ëmkämpfte Strooss vun Hormus tëscht dem Iran an dem Oman ënner US-amerikanesch Opsiicht ze stellen. Hien hat souguer eng Kaart verëffentlecht, op där d'Strooss als neien US-Territoire agedroe war. Leschte Sonndeg haten d'Vereenegt Staaten no wochelaanger Paus erëm Ziler an der Strooss vun Hormus ugegraff, fir, eegenen Aussoen no, den Iran drun ze hënneren, weider Minnen ze leeën.
Mat den Ännerunge vun Nimm wëllt den Trump Drock ausüben. D'lescht Woch hat hien ordonnéiert, den Ontario-Séi am Grenzgebitt mat Kanada wéinst engem Handelssträit mam Nopeschland an "Amerika-Séi" ëmzebenennen. Virdrun hat hie schonn de Golf vu Mexiko a "Golf vun Amerika" ëmdeefe gelooss.