Wéi de Manager e Samschdeg matdeelt, wier den 53 Joer ale Kënschtler wärend engem Optrëtt zesummegebrach.

Wéi US-Medie mellen, sollen d'Rettungsdéngschter nach op der Plaz probéiert hunn, de Rapper ze reaniméieren. Spéider ass hien dunn am Spidol fir dout erkläert ginn. Wéi et heescht, soll et sech ëm e medezineschen Noutfall gehandelt hunn, wéi de Rapper op der Bün kollabéiert ass, genee Detailer ginn et nach keng.

"Mat schwéierem Häerz musse mir matdeelen, dass den Isaac Freeman III, bekannt als Fatman Scoop, gestuerwen ass", sou säi Manager Michael Birch op Facebook.

De Fatman Scoop hat an deels groussen Afloss op d'Hip Hop-Kultur an den USA an ass mat Lidder wéi "Be Faithful" oder "It Takes Scoop" weltbekannt ginn.