Oasis erweidert ausverkaafte Comeback-Tour ëm zwee Concerten zu London

© OLI SCARFF AFP
Well d'Nofro därmoosse "phenomenal" grouss war, huet d'brittesch Band Oasis hir Comeback-Tour nach emol erweidert.
D'nächst Joer kommen also nach emol zwee Concerten zu London am Wembley-Stadion dobäi. Dat huet d'Band e Mëttwoch um Onlinedéngscht X erkläert. Deemno sinn dës de 27. an den 28. September 2025.
D'Oasis-Bridder Noel a Liam Gallagher hunn et bruecht, e Sträit, dee ganzer 15 Joer gedauert huet, bäizeleeën an hu fir 2025 eng gemeinsam Welttournée mat 14 Optrëtter zu Cardiff, Manchester, London, Edinburgh an Dublin geplangt. Donieft kéime méi spéit am Joer nach Optrëtter a "Kontinente baussent Europa" dobäi.
D'Nouvelle huet ageschloe wéi eng Bomm an d'Tour war an Null komm nix ausverkaaft, sou dass no zwee Deeg dräi weider Concerten zu Manchester, London an Edinburgh annoncéiert goufen. D'Ticketsvente war bannent e puer Minutten zou. Komplett sold out an dat esou séier, dass souguer d'brittesch Regierung erausfanne wëll, wisou. D'Tickete ginn natierlech elo fir horrend Präisser weiderverkaaft.