Jazzlegend Sérgio Mendes gestuerwen

© AFP
Wéi seng Famill matgedeelt huet, ass de brasilianesche Museker Sérgio Mendes am Alter vun 83 Joer zu Los Angeles gestuerwen.
Mat sengem Mix aus Samba a Bosso Nova ass den Jazzmuseker a Pianist berüümt ginn. Seng Versioun vum Lidd "Mas que Nada" gouf e Welthit.
De Sérgio Mendes koum den 11. Februar 1941 zu Niterói am brasilianesche Bundesstaat Rio de Janeiro op d'Welt. Hie krut do eng klassesch Pianosausbildung an huet an de 50er Joren ugefaangen, a Caféen ze spillen. Hien huet sech zu engem vun den erfollegräichste Museker a Brasilien entwéckelt. A senger 60 Joer laanger Karriär huet de Mendes méi wéi 35 Albume rausbruecht, huet dräi Grammye gewonnen a war 2012 fir de Soundtrack vum Animatiounsfilm "Rio" fir en Oscar nominéiert.
De Museker hat seng lescht Optrëtter zejoert am November. Déi lescht Méint hätt hie mat enger schwéierer Covidinfektioun mat Nowierkungen ze kämpfen gehat. Seng Fra a musikalesch Partnerin an de leschte 54 Joer Gracinha Leporace Mendes a seng Kanner si bis zu sengem Doud u senger Säit bliwwen.