D'Sängerin Caterina Valente ass dout

D'Caterina Valente 1962 bei enger Autogrammstonn zu Paräis / © AFP/Archiv/
Déi als Sängerin an Dänzerin weltberüümt Kënschtlerin Caterina Valente ass dout.
D'Caterina Valente wier e Méindeg am Alter vun 93 Joer friddlech an hirem Haus zu Lugano an der Schwäiz fir ëmmer ageschlof, dat huet hire Pressespriecher Günther Huber der Noriichtenagence DPA matgedeelt. Hir zwee Jonge wieren un der Säit vun der Caterina Valente gewiescht.

© BAVARIA FILM / CRITERION FILMCollection ChristopheL via AFP
D'Caterina Valente hat sech viru ville Jore quasi komplett aus der Ëffentlechkeet zeréckgezunn. Wéi et vun hirer Agence heescht, wier d'Begriefnis a strikter Privatsphär gewiescht, si hätt sech dat esou gewënscht. Et wäert keng weider Zeremonien a Gedenkfeiere ginn.
D'Valente war 1931 zu Paräis als Duechter vun enger italieenescher Koppel op d'Welt komm, si hat déi italieenesch a franséisch Nationalitéit. An Däitschland hat d'Sängerin 1954 hiren Duerchbroch - dat deemools verëffentlecht Lidd "Ganz Paris träumt von der Liebe" hat hir e Milliounesuccès bruecht.
Mat der éischter Personalityshow an Däitschland, "Bonsoir, Kathrin", gouf si och vun 1957 un op der Tëlee e Star a war mam Peter Alexander eng Dramkoppel op der däitscher Tëlee. D'Caterina Valente huet eng 1.500 Lidder (Schlager, Jazz, Chanson) an 13 Sprooche gesongen a konnt selwer sechs Sprooche fléissend schwätzen.
Si huet an hirer laanger Karriär nieft "Ganz Paris träumt von der Liebe" och nach Evergreens wéi "Tschau, Tschau, Bambina" oder "Itsy Bitsy Teenie Weenie Honolulu Strandbikini" geschaf.

© KPA R3505_kpadpa Picture-Alliance via AFP
Si huet net nëmmen an Däitschland, ma och international grouss Erfolleger gefeiert. Si huet zu Paräis gesongen, war schonn 1955 am US-Fernsee ze gesinn an hat mat "The Breeze and I" e Welthit. D'Valente ass néngmol an der "Dean Martin Show" opgetrueden an hat eng eegen Tëleesshow an den USA. Donieft gouf si och vill an Italien gekuckt a war och a Groussbritannien erfollegräich.
Hannert dem Frank Sinatra gëtt si als Entertainerin mat de weltwäit meeschten Tëleesoptrëtter ugesinn. Weltwäit bekannt gouf hiren Duett vum "Bossa Nova" mam Dean Martin an de 60er Joren.

© SCHROEWIG/EVA OERTWIG SCHROEWIG/News & Imagesdpa Picture-Alliance via AFP