Am Kader vun der Visitt vum Poopst ass zanter Juli och beim Jugendchouer ADESSO-Special vu Wilwerdang eng méi lass.

Dëse geeschtleche Fraechouer vun ongeféier 30 Sängerinnen huet bis de 26. September fläisseg an aktiv geprouft, fir an der Kathedral virum Poopst ze sangen.

Ënnert der Leedung vum Dirigent Ferdi Kreins an der Organisatioun vun hirer Präsidentin, dem Ingrid Scholzen, si si awer gutt preparéiert. Bei verschiddene jonke Sängerinnen ass d’Opreegung schonn do, awer all freeë se sech drop.
D’Lea Leyder, Sängerin bei ADESSO-Special zielt, dass et eng Éier ass, kënne virum Poopst ze sangen. D’Lara Scholtes, och Sängerin, seet, dass et e Privileeg ass, bei esou engem Projet kënnen deelzehuelen. Fir dem Poopst seng Visitt geet et an hire Lidder haaptsächlech ëm Hoffnung, well se e positive Message wëlle vermëttelen.

De Kardinol Jean-Claude Hollerich hält eemol am Joer d’Jugendmass zu Wilwerdang, wou ADESSO-Special och séngt. Doduerch ass ADESSO-Special dann invitéiert ginn, fir an der Kathedral ze sangen. Begleet gi si vu Synthesizer, Bass, Gittaren an och Batterie. Deels hunn d’Museker sech och musse privat op d’Prouwe virbereeden, esou dass alles ouni Schwieregkeete geléngt.

Ënnert anerem gëtt et nieft ADESSO-Special och ADESSO, e Kannerchouer, an de Canto dos Anjos, eng portugisesch Chorale. ADESSO gëtt et zanter 2011.