D'Kulturfabrik zu Esch feiert (bal) ronne Gebuertsdag
D’Kulturfabrik zu Esch feiert 41. Gebuertsdag. Aus verschiddene Grënn, wéi der Pandemie oder Esch2022, gouf de ronne Gebuertsdag ëm e Joer verréckelt.
Mat engem Mount voller Ausstellungen, Optrëtter a Concerte gëtt d’Geschicht vum ale Schluechthaus erzielt a gläichzäiteg gëtt gewisen, wat d’Kulturfabrik haut alles ze bidden huet.
Zënter der éischter Theateropféierung 1981, der Besatzung ee Joer méi spéit an der offizieller Grënnung als asbl 1983, konnt sech d’Kulturfabrik als Institutioun zu Esch etabléieren an ass haut virun allem fir alternativ Konscht bekannt. Ganz an hirem Stil gëtt elo net wéi erwaart de 40. Gebuertsdag gefeiert, mee déi 40+1 Joer zanter hirer Grënnung.
Inclusioun ass en Haaptthema, wat sech a ville Wierker weist. Esou gëtt et zum Beispill ee Projet ze entdecken, bei dem Fënstere vu Fräiwëllegen a Kënschtler faarweg bepecht goufen. Eng aner kollektiv Aarbecht ass e Wierk aus Pabeier, wat d’Geschicht vun der Kulturfabrik opliewe léisst.
Mee net nëmme kulturell gëtt et dëse Mount vill ze entdecken. All Sonnde kann een ab elo an der Kulturfabrik Brunchen an dat op ale restauréierte Miwwelen déi nom Gebuertsdag versteet ginn.
De ganze Geburtsdagsprogramm 40+1 leeft nach bis den 2. November an der Kulturfabrik. Detailer iwwert de Programm fannt Dir hei.