Am Schëfflenger KonschthausThe Sweet Spot: Méi wéi 60 Kënschtler a Createuren op zwou Etagen

Sandy Elsen
Am Konschthaus zu Schëffleng kann ee schonn zanter Juli "The Sweet Spot" entdecken - eng spannend Mëschung aus Ausstellung a Pop-Up-Shop, déi dem Public op zwou Etagë Wierker vu méi wéi 60 Kënschtler a Createure presentéiert.
The Sweet Spot am Schëfflenger Konschthaus
Am Konschthaus zu Schëffleng kann ee schonn zanter Juli "The Sweet Spot" entdecken - eng spannend Mëschung aus Ausstellung a Pop-Up-Shop.

Am Konschthaus zu Schëffleng kann ee schonn zanter Juli "The Sweet Spot" entdecken - eng spannend Mëschung aus Ausstellung a Pop-Up-Shop, déi dem Public op zwou Etagë Wierker vu méi wéi 60 Kënschtler a Createure presentéiert.

Bijouen, Installatiounen, Printen, Designerstécker... Mat "The Sweet Spot" huet sech d'Schëfflenger Konschthaus vun der klassescher Galerie ewech getraut a sech an een innovativen, liewege Spot, dee Createuren a Visiteuren eng ganz nei Experienz bitt. Hannert dësem Projet stécht d'ASBL Augenschmaus, déi 2017 vun de Kënschtler Krys Pleimelding aka Shepherd, Sascha Di Giambattista aka Giamba a Gilles Scaccia gegrënnt gouf.

"D'Zil vun Augenschmaus ass et u sech, effektiv déi lokal, déi lëtzebuergesch Kreatioun ze weisen an accessibel ze maache fir d'Leit dobaussen. Dat heescht, e bësschen déi Angscht ewechzehuele fir an eng Galerie ze goen, oder an déi héich konventionell Institutiounen, fir do e bësschen d'Leit um Terrain méi ofzehuelen an och de Kënschtler villäicht en aneren Accès, eng aner Visibilitéit ze ginn, déi méi aus dem Urban-Beräich oder aus dem Street Art-Beräich sinn", esou d'Krys Pleimelding.

D'Expo um 1. Stack, mat Wierker vun ënnert anerem dem Samuel Levy, Charl Vinz a Letizia Romanini, ass déi alleréischt kuratéiert Ausstellung vun Augenschmaus. Eigentlech steet d'ASBL nämlech fir ee kuratéierte Creators Market.

"Bis elo hu mir eis ëmmer gesot, mir maachen alles ausser Fine Art. Dat heescht, Grafikdesign, Illustratioun, Poster, Accessoiren, alles wat halt keng Plattform hat an dat war Marché. Bei der Expo hu mir eis geduecht, da komm mir maachen et esou, jiddweree sicht sech e puer Favoritten aus, mir schreiwe se un, wa se dobäi sinn, si se dobäi, wann net, da siche mir weider an do hate mir och extrem Chance. Do huet jiddwereen zougesot an ech mengen, dat huet och zimmlech gutt geklappt", esou de Sascha Di Giambattista, deen och selwer am Schëfflenger Konschthaus ausstellt.

Nach bis den 12. September kann een "The Sweet Spot" am Schëfflenger Konschthaus entdecken. D'Ausstellung ass ëmmer vu mëttwochs bis samschdes vun 14:00 bis 18:00 Auer op.

Wie méi iwwer d'ASBL Augenschmaus an hir Projete wëll gewuer ginn, dee kann dat hei maachen.

Back to Top
CIM LOGO