Open-Air-Event mat Liichtspektakel op der Beeforter Buerg

© Image Gemeng Beefort / Facebook
Um Event "THE WALL" kann ee sech dëse Weekend zu Beefort déi restauréiert Festungsmauer vun der mëttelalterlecher Buerg ukucke goen.
Am Kader vun enger Open-Air-Liichtshow, Musek an aneren Aktivitéiten invitéieren de Kulturminister, d’Presidentin vum “Centre des Monuments du Grand-Duché de Luxembourg” an d’Presidentin vun der asbl “Les Amis des Châteaux de Beaufort” op dëst grousst Evenement. D’Buerg a virun allem déi restauréiert Mauer wäerten hei a verschiddene Faarwe liichten.
Zu Lëtzebuerg ginn et ronn fofzeg Buergen a Schlässer. Wärend bei e puer Buerge just nach Ruinen iwwreg sinn, goufen anerer iwwer Jore restauréiert. D’Buerg vu Beefort gouf am Mëttelalter tëscht 1050 an 1650 gebaut. Zanter 1932 sinn déi beandrockend Ruinen, déi nach bis haut als historescht Denkmal gëllen, nees zougänglech fir de Public. Direkt hannert der Buerg steet d’Renaissance-Schlass aus dem 17. Joerhonnert. Béid Monumenter stinn an enger idyllescher Landschaft net wäit ewech vun engem klenge Séi.
Nieft dem Liicht-Spektakel gëtt et bei “THE WALL” och nach e Video-Mapping an e grousse Programm u verschiddene Museker. Vu Rap bis hin zu elektrescher Gei ass alles gebueden.
Freiden Owend um 20 Auer geet et lass, dat ganzt zu Beefort op der Buerg. Tickete fannt dir ënnert www.luxembourgticket.lu.