Ënnert dem Motto „FBM24 is Read!ng – Read. Reflect. Relate.“ ass en Dënschdeg den Owend déi 76. Editioun vun der Frankfurter Buchmesse offiziell lancéiert ginn.

Als e "Fest der Vielfalt” huet d’Karin Schmidt-Friederichs vum Börsenverein des Deutschen Buchhandels déi gréisste Bicherfoire vun der Welt bezeechent. Dat kënnt net vun ongeféier, well d’Buchmesse huet net nëmmen den Usproch Bicher aus aller Welt ze präsentéieren, mä och eng Diskussiounskultur an e friddleche Meenungsaustausch ze promouvéieren.

Gaaschtland ass dëst Joer Italien. Bei der Erëffnungsfeier am Kongresszenter vun der Frankfurter Messe koumen och d’Schrëftstellerin Susanna Tamaro, de Physiker Carlo Rovelli an de Philosoph Stefano Zecchi zu Wuert.

Dass och tëscht der Stad Frankfurt an Italien duerch dem Goethe seng “Italienische Reise” eng speziell Verbindung besteet, dorun huet de Frankfurter Oberbürgermeister Mike Josef erënnert. Eng Verbindung, déi och den italieenesche Kulturminister Alessandro Giuli evoquéiert huet.

E wichtege Rendez-vous virum Optakt vun der eigentlecher Buchmesse ass all Joers d’Iwwerreechung vum Däitsche Buchpräis, deen dëst Joer un d’Martina Hefter goung, fir hire Roman “Hey guten Morgen, wie geht es dir?” ronderëm eng Fra ëm déi 50 an e Love Scammer, deen allerdéngs séier entlarvt gëtt. Eng Iwwerraschung fir de literaresche Public, deen éischter dem Clemens Meyer säi Roman “Die Projektoren” um Radar hat.

Eng Präisiwwerreechung wäert och e Sonndeg d’Enn vun der Frankfurter Buchmesse 2024 markéieren. Déi polnesch-amerikanesch Historikerin a Journalistin Anne Applebaum wäert an der Frankfurter Paulskirche mam Friedenspreis des Deutschen Buchhandels ausgezeechent ginn.

Tëscht deenen zwee Eckdaten ass awer elo Zäit fir Liesunge, Konferenzen a virun allem vill Kontakter, Diskussiounen a Gespréicher tëscht deene ronn 250.000 Visiteuren, déi sech wuel och dëst Joer nees zu Frankfurt erwaart ginn.

Frankfurter Buchmesse 2024 - Ëffnungszäiten
Fir Visiteure vum Fach
 
16. - 19. Oktober 2024: 09.00 bis 18.30 Auer
Sonndeg, 20. Oktober 2024: -9.00 bis 17.30 Auer
 
Fir privat Visiteuren
 
Freideg, 18. Oktober 2024: 14.00 bis 18.30 Auer
Samschdeg, 19. Oktober 2024: 09.00 bis 18.30 Auer
Sonndeg, 20. Oktober 2024: 09.00 bis 17.30 Auer