Wat dierf een iwwerhaapt nach soen? Doriwwer an och iwwer d'Z-Wuert, d'Genderen an natierlech d'Orthografie hu mir mat der Cheffin vun der Duden-Redaktioun geschwat.

Haut, den 20. Oktober 2024 ass de leschten Dag vun der Frankfurter Buchmesse. En déckt gielt Buch dierf do natierlech net feelen. Am Summer koum déi 29. Oplo vum "Duden", deem Referenzwierk fir déi däitsch Rechtschreiwung, eraus, an d'nächst Joer geet déi dofir zoustänneg Fra an d'Pensioun: Grond genuch fir e längert Gespréich mat der Dr. Kathrin Kunkel-Razum, der Cheffin vun der Duden-Redaktioun, déi och verantwortlech fir deen neien Duden war.

"In sprachlicher Hinsicht durchaus etwas abrüsten"

Sprache sagt alles – dat ass de Slogan vum Duden-Verlag, net just op der Buchmesse. Och an enger Welt, an där vill polariséiert gëtt, hätt dee "Claim" nach ëmmer seng Berechtegung, seet d'Dr. Kathrin Kunkel-Razum, well d'Sprooch géif jo net just dat soen, wat gutt wier, mee leider och dat, wat schlecht wier. Mat Bléck op d'Diskussiounskultur an der Welt verbënnt si hire Constat mat der Opfuerderung, verbal zeréckzeschrauwen:

Dr. Kathrin Kunkel-Razum (Duden): "abrüsten"

"Nichtsdestotrotz denke ich schon, das ist eine persönliche Meinung, aber natürlich auch eine professionelle Meinung, dass wir in sprachlicher Hinsicht durchaus etwas abrüsten sollten und vielleicht genauer darauf achten sollten, was wir sagen, wann wir was sagen und was wir zu wem sagen."

RTL

Houfreg op d'Resultat: d'Dr. Kathrin Kunkel-Razum mam neisten Duden. / © Felix Pöhland Photography

D'Dr. Kathrin Kunkel-Razum plädéiert dann och derfir, alles genee an nuancéiert ze betruechten an net einfach Sätz ze reproduzéiere wéi "dat däerf ee jo net méi soen". Op Däitschland bezunn, seet si am RTL-Sonndesinterview: "Zumindest wenn man es von der juristischen Seite betrachtet: In Deutschland ist so gut wie nichts sprachlich verboten. Natürlich gibt es ein paar Dinge, das hat der Prozess gegen Herrn Höcke gezeigt, bestimmte Parolen, Wörter aus der Nazizeit, die tatsächlich nicht benutzt werden dürfen oder natürlich so etwas wie Beamtenbeleidigungen, aber ansonsten gibt es nichts, was wirklich verboten ist."

Dr. Kathrin Kunkel-Razum (Duden): "so gut wie nichts sprachlich verboten"

Et wier un de Spriecher a Spriecherinnen ënnereneen ausmaachen, wéi se matenee wëlle kommunikéieren: "Alles andere ist tatsächlich ein Aushandeln in der Sprachgemeinschaft: Was wir wem sprachlich zumuten."

"Da suchen wir jetzt eben alle"

Kuerz eriwwer bei den ESC: Wat de sproochlechen Ëmgang mat der Persoun Nemo ugeet, gesäit d'Dr. Kunkel-Razum dora schonn eng sproochlech Erausfuerderung, awer eng positiv. Well wann d'Gesetz en drëtt Geschlecht ("divers") géif zouloossen, wann also juristesch Fakte geschaaft ginn, da wier et logesch, datt d'Sprooch och misst nozéien, well dat Ganzt hätt jo da Konsequenzen: "Und ja, es ist kompliziert, weil unser Sprachsystem eben sehr traditionell ist und darauf eigentlich so nicht eingerichtet ist und da suchen wir jetzt eben alle nach Formen, die diesen Personen und diesem Eintrag eben auch gerecht werden."

Besonnesch schwiereg wier dat bei de Pronomen, do géif den Ament experimentéiert ginn, eppes duerchgesat hätt sech awer nach net.

Dr. Kathrin Kunkel-Razum (Duden): "Sprache richtet sich an jemanden"

Et wier och wichteg, béid Säite vun enger Kommunikatioun ze respektéieren: "Also auf der einen Seite muss man natürlich die Rolle der Sprecherinnen und Sprecher berücksichtigen. Was akzeptieren sie? Was möchten sie rüberbringen, ihren Standpunkt? Aber, und darauf machen wir wirklich immer aufmerksam, Sprache richtet sich an jemanden. Und das gerät manchmal in Vergessenheit. Und wir müssen in all diesen Diskussiounen eben kucken, was löst Sprache bei demjenigen, an den sie adressiert ist, aus. Und hier spielt Geschlechtergerechtigkeet eben insgesamt, nicht nur bei Menschen, die sich als divers einstufen, eine viel, viel größere Rolle. Auch die Befindlichkeiten von Männern und Frauen kommen hier natürlich zum Tragen."

Op d'Z-Wuert ugeschwat, betount d'Cheffin vun der Duden-Redaktioun, datt ee sech ganz bewosst dofir entscheet hätt, dat Wuert, gradesou wéi d'N-Wuert oder d'Wuert Indianer, am Dictionnaire ze loossen, awer esou, datt een et och kéint anuerdnen, well et kéinte gutt Grënn ginn, grad dat Wuert ze gebrauchen. Mee et sollt een am Kapp behalen, datt sech Leit duerch de Gebrauch vu Wierder och kënnen ugegraff fillen oder diskriminéiert ginn.

Op d'Fro, ob et dann iwwerhaapt nach eng Sprooch fir alles a jidderee géif ginn, fält d'Äntwert vun der Duden-Chefredaktesch nawell méi wéi eendeiteg aus: "Also das glaube ich auf jeden Fall. Es gibt natürlich einen breiten Konsens in unserer Alltagssprache, sonst könnten wir uns überhaupt nicht mehr verständigen."

Dr. Kathrin Kunkel-Razum (Duden): eng gemeinsam Sprooch

Eppes aneres kéint ee sech jo och kaum virstellen, mee d'Sensibilitéiten an der Gesellschaft hätte sech awer geännert: "Es scheint schon auch mir so, dass wir in bestimmten Bereichen, kommunikativen Bereichen, mit bestimmten Wörtern, mit bestimmten Äusserungen schon mehr Aushandlung treffen, als das vielleicht früher der Fall gewesen ist, oder Dinge einbetten oder Dinge nochmal erklären."

Jo zum Sproochwandel ...

D'Sprooch wier hei och just eppes wéi eng Uewerfläch, well "dahinter stecken ja bestimmte gesellschaftliche Entwicklungen, das darf man nicht vergessen, und bestimmte Ausseinandersetzungen, die wir eben in der Gesellschaft gerade austragen, also zum Stellenwert von bestimmten Dingen oder Entwicklungen und so weiter, und das vermitteln wir aber über Sprache".

Sprooch a Gesellschaft wiere ganz enk matenee verbonnen, seet d'Dr. Kunkel-Razum weider am Interview a si begréisst dann och de Sproochwandel, dee wier kloer Ausdrock vu Vitalitéit vun enger Sprooch: "Wa sech d'Welt entwéckelt, da muss sech och d'Sprooch entwéckelen."

Dr. Kathrin Kunkel-Razum (Duden): Sproochwandel = Vitalitéit

Am Gespréich mat RTL erkläert d'Chefredaktesch vum Duden och nach, wéi e Wuert an den Duden kënnt, wéi déi typografesch Genderzeechen aktuell gereegelt sinn, firwat ee "Luxemburger" an domat och "Lëtzebuerger" ëmmer groussschreift (et huet näischt mat Patriotismus ze dinn) a firwat et och am KI-Zäitalter nach sënnvoll ass, sech fir Sproochen a fir Orthografien ze interesséieren.

... a jo zur Villfalt vum Däitschen

Ugeschwat op "Luxemburgismen" an der däitscher Sprooch, zum Beispill die Kühe streichen amplaz melken, schwätzt sech d'Dr. Kunkel-Razum ganz kloer fir eng nuancéiert Approche aus, mat de Kategorië richteg a falsch kéim een hei net wäit, well esou regional Ausprägunge wiere ganz faszinant Facettë vun der däitscher Sprooch, wat jo eng pluzentristesch Sprooch wier. Also jo zur Villfalt an dat net nëmmen bannent der däitscher Sprooch, mee och tëscht de Sproochen. (Virun zimmlech genee zwee Joer koum am Duden-Verlag d'Buch "Luxemburger Standarddeutsch – Wörterbuch der deutschen Gegenwartssprache in Luxemburg" vum Heinz Sieburg vun der Uni.lu eraus.)

A wat verbënnt si soss nach mat Lëtzebuerg? Bei hirem éischten a bis elo och eenzege Besuch am Grand-Duché zejoert hätt si d'Selbstverständlechkeet, mat där d'Méisproochegkeet am Land gelieft géif ginn, ganz besonnesch markéiert, esou d'Dr. Kathrin Kunkel-Razum.

RTL

Jo, och als Cheffin vun der Duden-Redaktioun géif si reegelméisseg Wierder am "Duden" noschloen, seet d'Dr. Kathrin Kunkel-Razum. / © Felix Pöhland Photography

Iwweregens: D'Chefredaktesch vum Duden kennt den Duden net auswenneg, bei 151.000 Wierder wier dat schonn e bësse vill verlaangt ...

Dr. Kathrin Kunkel-Razum (Duden): "Ich kenne den Duden nicht auswendig"

... dofir kennt se sech gutt mat den Orthografie-Reegelen aus, och den Adaptatioune vun Enn 2023, mee dat géif awer net verhënneren, datt och d'Duden-Ekipp selwer vill géif am Duden noschloen.

Dr. Kathrin Kunkel-Razum (Duden): "Wir schlagen selber sehr viel im Duden nach "

Vun ChatGPT bis OpenAI – e Grapp nei Duden-Wierder

Deen neien Duden, deen am Summer erauskomm ass, huet 3.000 nei Wierder. Hei e klenge Choix dovun (vun A bis Z):

Affenpocken, Ambiguitätstoleranz, Ampelregierung, Astronautennahrung, Audioinhalt, Awareness, B-Promi, Balkonkraftwerk, Barfußschuh, Bauchmensch, Baumbestattung, Beitrittsperspektive, Bondage, Catcalling, ChatGPT®, Coronakrise, Coronaleugner/-in, Coronapandemie, Deutschland-Ticket® / Deutschlandticket, diskussionslos, Distanzunterricht, Dürresommer, Duschtasse, Ethereum®, Extremwetterereignis, Fahrstuhlmusik, Falschbehauptung, Fleischersatz, framen, Frugalist/-in, Ghosting, Gojibeere, Hackenporsche, Intimbehaarung, Jobtitel, Klimakleber/-in, Lieferkettengesetz, Line-up, Mindset/Mind-Set, NFT, Nutri-Score® / Nutriscore, OpenAI®, Opferperspektive, pampern, Präsenzveranstaltung, QAnon, Räuchertofu, Salsiccia, Sprachmodell, Sushireis, Trash-TV, Triggerwarnung, Ukrainekrieg, Upskirting, Verschwörungsmythos, Virusvariante, Vlog, Vorkrisenniveau, vulnerabel, Wokeness, Zuwanderungsgeschichte.

Den Duden hypt gären och emol eenzel Begrëffer, déi nei an d'Print-Versioun vu sengem Prestige-Produit opgeholl goufen.

Gläichzäiteg falen och ëmmer rëm eng Partie Wierder raus, op d'mannst emol aus dem gedréckten Duden, well se net méi vill gebraucht ginn; am online Duden kënnen déi natierlech drableiwen. Ee fir Lëtzebuerg interessant Beispill: De Frigidaire oder och nach Frigidär ass an der neister Ausgab net méi dran. Ausserdeem raus: ausgemugelt, ertöten, Luftschiffer an d'Schreifweis Tunfisch. Ob se wuel vermësst ginn?

Praktesch Infoen:
Duden – Die deutsche Rechtschreibung
Das umfassende Standardwerk auf der Grundlage
der aktuellen amtlichen Regeln
29. Oplo, 1.328 Säiten, Hardcover, 13,4 ×19 cm
ISBN: 978-3-411-04018-6, 35 Euro