E Samschdeg huet déi franséisch Band L'impératrice hiren neien Studio-Album presentéiert an den Atelier an Disco-Stëmmung versat.

D'Energie vun der sechskäppeger Band vu Paräis war vun der éischter Sekonn vum Concert un ze spieren an huet ee bal gezwongen, sech vun der Musek matdreiwen an -danzen ze loossen. D'Bün, d'Kostümer an d'Beweegunge vun de Museker souwéi de Mix aus Pop, Disko an Elektro Sounds hunn en extreem positiven Effet op de Public an hunn een déi praktesch zwou Stonne vum Concert an eng aner Welt andauche gelooss, an där een alles ronderëm vergiesse konnt.

RTL

© Mick Drulang/Den Atelier

Eréischt zanter dem 1. Oktober huet L'impératrice eng nei Lead-Sängerin, ma, datt d'Louve mol nach kee Mount Deel vun der Band ass, fält zu kenger Sekonn op. D'Sängerin huet net just mat hirer Stëmm iwwerzeegt, mee hir Mouvementer an hire Charme huet och all d'Blécker op sech gezunn. Charme, Sympathie a wéi scho gesot eng enorm Energie - déi Begrëffer gëllen net just fir d'Sängerin, mee och fir déi aner fënnef männlech Museker vun L'impératrice.

RTL

© Mick Drulang/Den Atelier

D'Interaktioun mam Public war och vum éischte Moment u ginn, an de Fait, datt d'Band zum Schluss vum Concert jidder eenzelem, dee beim Concert involvéiert war, Merci gesot - hire Chauffeur, dem Service technique an an an inclus - huet och hir mënschlech Säit nach eemol ënnerstrach a gewisen, datt et Museker sinn, déi trotz hirem enorme Succès absolut net ofgehuewe sinn. D'Band huet den Atelier an eng Zort Disko verwandelt. De Fait, datt de Concert op engem Samschdeg war, huet a mengen Aen och beim Public dofir gesuergt, nach e gutt Stéck méi lass ze loossen, respektiv sech goen ze loossen an d'Stëmmung war einfach eng extrem agreabel a positiv.