D'Museks-Legend an Literatur-Nobelpräisgewënner huet e Méindeg den Owend an der ausverkaafter Rockhal gespillt.

Mat gemëschte Gefiller an Erwaardunge si warscheinlech net just ech e Méindeg op de Belval gefuer. D'Kriticke vun de leschte Concerte vum Bob Dylan ware gespléckt an et wousst een net wierklech, mat wat ee rechne kéint oder sollt.

Eng sober Bün, véier Museker, e puer waarm an einfach Luuchten a matten dran den 83 Joer alen US-Singer-Songwriter liicht verstoppt hannert sengem Piano. Déi éischt Téin vum Bob Dylan waren éischter genujelt an net kloer ze verstoen. Ma dat huet sech awer zum Gléck am Laf vum Concert verbessert an seng Stëmm ass vu Lidd zu Lidd méi waarm ginn. Wat een allerdéngs net iwwert seng Presenz behaapte kann. Geréng waren d'Momenter, wou de Bob Dylan sech dem Public wéinstens e bësse gewisen huet, a wann, da war et och nëmme kuerz Ablécker, wärenddeem hie sech praktesch um Piano gestäipt huet, fir dann awer och erëm séier hannert deem ze verschwannen oder carrement dem Public de Réck ze dréinen. Et ware villméi déi instrumental Deeler, déi een iwwerzeege konnten. Ob vu senger Band oder awer och him selwer um Piano oder op der Harmonika.

No enger hallwer Stonn koum en éischte "Merci" vum Museker. Interaktioune mam Public gouf et allerdéngs keng. An dat huet sech och op d'Leit eriwwer gespigelt. Et war e Sëtz-Concert, op deem net wierklech Stëmmung opkomm ass. Ofgesi vun Applaus no de Lidder war et immens roueg an der Rockhal.

Iwwerdeems war et en Handy-fräie Concert. D'Leit hunn an der Entrée hiren Handy missen an eng securiséiert Posch maachen, sou datt weder fotograféiert oder gefilmt konnt ginn. E Konzept, wat sécherlech net jidderee vum Publikum begréisst huet, a mengen Aen awer wierklech fir eng aner Experienz vun engem Concert gesuergt huet, bei deem ee sech mol rëm wierklech op d'Musek fokusséiert an net permanent e Schierm viru senger Nues huet.

Mäi perséinleche Fazit vum Concert 

Et ass wuel net all Dag, datt een eng Musek-ikon erliewe kann, an an dësem Fall gutt méiglech, datt et déi lescht Méiglechkeet war, den ëmmerhi schonn 83 Joer ale Bob Dylan ze erliewen, an zum Gléck an der Rockhal net a senger schlechtster Form. Bei engem Ticketspräis vun iwwer 100 Euro hu sech vill Leit awer trotzdeem warscheinlech méi erwaart an et war net ouni Grond, datt deen een oder aneren de Concert liicht gelangweilt virum Schluss scho verlooss huet, well et awer repetitiv war an d'Stëmmung wéi gesot ausbliwwen ass.