De Museksvideo zu "Come Pick Me Up" vum NINON ass raus
Ee Joer no hirer Victoire beim Screaming Fields Song Contest huet d'Lëtzebuerger Sängerin NINON e Museksvideo zur Gewënnersingle "Come Pick Me Up" verëffentlecht.
Op d’Fro, wéi si hire Museksstil selwer beschreiwe géing, huet d’Sängerin d’Begrëffer Bedroom Pop an Alternative Pop geäntwert a genau sou héiert dat Ganzt sech och un. Et ass eng Mëschung aus elektronesche Kläng a Lo-Fi Beats, déi sech zu engem eegenaartege Stil zesummeschléissen, deen d’Sängerin ausmécht. Hir gréissten Inspiratioun ass déi amerikanesch Sängerin Gracie Abrams, mee och d’Billie Eilish an d’Lana Del Rey hunn d’NINON musikalesch beaflosst.
Ganz am Stil vum Bedroom Pop produzéiert si hir Lidder eegestänneg, ouni e Label, am Kannerzëmmer vun hirem Elterenhaus zu Bartreng. D’Zëmmer, wat mat de Joren ëmmer méi zu engem professionelle Studio ginn ass, ass wéi eng Zäitkapsel, an där allerhand Kandheetserënnerungen, Fotoen a Museks- oder Filmpostere sinn, déi déi 23 Joer al Sängerin an hirem Liewen zu deem Mënsch gemaach hunn, dee si haut ass.
Eng sëlleg Musekssposteren an Albumcovere vu verschiddene Kënschtler weisen, dass d’Musek vu klengem un eng wichteg Roll am NINON hirem Liewe gespillt huet. Schonn als Kand, wa si mat hiren Elteren an d’Vakanz gefuer ass, huet si am Auto ëmmer Musek gelauschtert an huet iergendwann ugefaangen, selwer Texter ze schreiwen a Melodien ze komponéieren.
2023 hat d’Sängerin dunn d’Méiglechkeet, um Screaming Fields Song Contest hir Kreativitéit an hiert Talent ënner Beweis ze stellen. De Museksconcours, deen all Joer an Zesummenaarbecht mam Kulturministère op d’Sich geet, fir Lëtzebuerger Newcomer ze ënnerstëtzen, huet an hirer 5. Editioun d’NINON als Gewënnerin ausgewielt an hir de Startschoss fir hir Karriär erméiglecht. Fir d’Sängerin stoung duerno e Joer voller Concerten, d’Ophuele vun hirer éischter professioneller Single "Come Pick Me Up" an d’Produktioun vum passende Museksvideo um Programm, wat hir immens vill Spaass gemaach huet.
Nieft der Musek studéiert d’NINON Film am Master op der Universitéit zu Bréissel, eng zweet Passioun, déi si gäre mat der Musek verbanne géif. Hire gréissten Dram ass et, an der Zukunft kënne Lidder fir Filmer ze produzéieren. Wann d’Sängerin net grad an hirem Bedroom-Studio Musek ophëlt, verbréngt si vill Zäit mat Kolleegen oder hirer Famill.
D’NINON ass eng sympathesch an authentesch Musekerin, mat enger ausdrocksstaarker an onverwiesselbarer Stëmm a si huet keng Angscht an hiren Texter, Gefiller ze weisen. Nei Musek ass och scho geplangt, mee genau Datumer wéini déi soll erauskomme ginn et nach net. Bis dohi kann een hir aktuell Lidder an och den neie Museksvideo op Spotify oder Youtube lauschteren.