D'Lara Weiler gewënnt de Prix Pierre Werner
E Samschdeg Owend huet de Cercle Artistique de Luxembourg, kuerz CAL, de Vernissage vun hirem traditionelle Konschtsalon gefeiert.
Et ass dee wichtegste Rendez-vous fir d’Lëtzebuerger Konschtzeen, deen dat zäitgenëssescht Schafe representéiere soll. 46 Artiste mat Lienen zu Lëtzebuerg kruten dëst Joer d’Méiglechkeet, hir Wierker am Tramsschapp auszestellen. Wéi gewinnt gouf um Owend vum Vernissage och e Konschtpräis zesumme mat 5.000 Euro fir dat markantste Wierk iwwerreecht.
Vu Fotografie a Skulpture bis hin zu gemoolter Konscht huet de Salon vum CAL dëst Joer allerhand ze bidden. Obwuel aner Medien, wéi d’Molerei, an der Majoritéit stinn, huet de Jury, bestoend aus fënnef Leit, d’Lara Weiler als Gewënnerin vum Prix Pierre Werner ausgewielt.
D’Emotiounen nom onerwaarte Gewënn ware grouss bei der jonker Kënschtlerin, déi virun e puer Méint nach op der Uni studéiert huet. Bal esou grouss, wéi hir Biller, déi virun allem duerch hir imposant Gréisst, mee och duerch eng professionell Technik a kräfteg Faarwen aus der Ausstellung ervirstiechen.
Konscht huet schonn ëmmer eng wichteg Roll am Lara Weiler sengem Liewe gespillt an och wa Molerei hiert Haaptmedium ass, huet si scho vill Verschiddenes ausprobéiert. Bei de Gewënnerbiller staamt d’Inspiratioun aus dem Alldagsliewen.
Ab dem 4. Dezember huet d’Lara Weiler eng Solo-Ausstellung an der Galerie Valerius an der Stad geplangt a fir all déi, déi sech all d’Wierker vum Salon wëllen ukucken, ass d’Ausstellung nach bis de 17. November all Dag am Tramsschapp op.