
D'Expo déi zejoert op der Architekturbiennale zu Venedeg am Lëtzebuerger Pavillon gewise gouf, kann een och elo am LUCA, dem Luxembourg Center for Architecture a Clausen kucken a virun allem lauschtere goen.
D'Curateure wollte sech mam Klang vun hirem bildlechen a visuellen Denken als Architekten distanzéieren, erkläert ee vun den dräi Curateuren, Mike Fritsch:
"Mir wollten déi Saachen analyséieren, déi d'Globalisatioun an de Klimawandel mat sech bréngen, déi een och manner gesäit an duerch de Klang ka kommunizéieren a mediéieren."
250 Stonnen Opname goufen zu Lëtzebuerg gemaach:
"Déi 250 Stonnen, déi goufen an engem komposéierten Soundpiece vum Ludwig Berger zesummegesat, iwwert e fiktiven Dag zu Lëtzebuerg, deen an engem natierlechen Environnement ufänkt an an der Stad oder an engem urbanen Environnement ophält."
Klimawandel, Urbanisatioun, Energieproduktioun oder Data Zenteren si Sujeten, déi een an enger experimenteller Entdeckungsrees duerch d'akustesch Landschaft zu Lëtzebuerg zréckfënnt. De Contenu vun der Expo ass een zu een den nämmlechte bliwwen. Mä d'Geschicht, déi erzielt gëtt, géif elo an engem anere Kontext erzielt ginn, erkläert de Mike Fritsch:
"Zu Venedeg war et mat Noperen, mat ville Leit, mat engem anere Public, deen dann och nëmmen zwou, dräi Minutte pro Pavillon huet an deen dann e bëssen eng direkt Proximitéit mam Klang brauch. Eng bësse méi zentréiert Experienz. An hei ass et drëm gaangen, wéi e kann net nëmmen de Soundpiece zréckbréngen, mee och wéi mir et kënne méi generéis a méi grouss un d'Lëtzebuerger Publikum iwwerginn. Dofir ass an der Szenografie och méi Dokumentatioun a méi wéi mir d'Saache gemaach hunn an net nëmmen dat e bëssen méi radikaalt Klang-only -Prinzip wéi zu Venedeg."

D'Presidentin vum Luxembourg Center for Architecture Marie Lucas betount, wisou et sou wichteg wier, d'Ausstellung, déi zu Venedeg gewise gouf, och elo am LUCA a Clausen ze weisen.
"Et ass net nëmmen eng ekologesch Approche, mee awer och méi eng kulturell, sozial a lokal. Mir hätte gären, datt de lëtzebuergesche Publikum och dat matkritt, wat zu Venedeg ausgestallt ginn ass, wat natierlech matbréngt, dat mir elo net am Kontext vun enger Biennale sinn. Dat heescht, do muss een dat erëm e bëssen erklären, firwat déi Approche, déi vläicht och e bësse méi intellektuell oder méi abstrakt ass, awer villes ze dinn huet mat der Recherche, déi mir alldeeglech hei maachen."
D'Raimlechkeete vun dem LUCA erméiglechen och, datt Klangsourcë méi verdeelt sinn an de Publikum sech méi no oder méi wäit dovu ka positionéieren. De Mike Fritsch:
"Zu Venedeg war dat jo alles zentral. Hei kann een och déi physikalesch Proximitéit mam Klang hunn an méi no u verschidde Lautsprecher sinn, déi dann aner Saachen zréckginn. An ech mengen, dass et fir d'Lëtzebuerger Publikum vill Saache ginn, déi een am Alldag héiert."
D'Ausstellung leeft nach bis den 20. Februar, wäert allerdéngs am Dezember iwwert d'Feierdeeg zou hunn. Den Entrée ass gratis an et gëtt och e Kaderprogramm mat Konferenzen an Visitten vun der Expo.
Méi Informatiounen fannt der um Site vun der LUCA.