Et handelt sech ëm e laangfristege Recherche- a Konschtprojet, bei deem Dokumenter, Berichter a Biller gesammelt ginn. Am Kader vun dëser Aarbecht ass eng Sammlung entstanen, déi eng Enzyklopädie vun der Steiervermeidung duerstellt an Entreprisen op der ganzer Welt erfaasst. Och de Lëtzebuerger Kënschtler Pascal Piron huet sech a sengem Wierk, "Public Record", mat dësem Thema beschäftegt. D'Aarbecht ass den Ament an der Stad ze gesinn. An an deem Kader gouf de Weekend en Offshore Tour duerch d'Stad organiséiert.
Et änelt enger Geeschterjuegd. Mat engem Kompass, engem GPS an engem Audioguide geet et duerch d’Stad fir Adressen ze fannen, op deenen eng Rei Entreprisen ugemellt sinn. Den Offshore Tour vum Kollektiv RYBN.org baséiert op enger Recherche, déi sech mat de Strukturen an der Präsenz vun Offshore-Firmen an der Stad beschäftegt.
"An et geet vun Adress zu Adress. An déi Adresse sinn aus enger Datebank och vu Journalisten, den Offshoreleaks vum Journalistegrupp ICIJ. An wat ech super interessant dorunner fannen, ass dass mer duerch d'Stad ginn an d'Stad eng Kéier op eng Manéier gesinn, wéi een se nach ni gesinn huet virdrun", sou de Kënschtler Pascal Piron.
Startpunkt war de Casino an der Stad. Vun do aus waren et an all Himmelsrichtungen nëmmen e puer Schrëtt bis bei déi éischt Adressen. An den Audioguide proposéiert engem, deemno wou ee grad ass, direkt e puer Optiounen.
Den Offshore Tour ass am Kontext vum Pascal Piron senger Aarbecht "Public Record" organiséiert ginn. De Kënschtler huet sech an där Aarbecht domat beschäftegt d'Adressen ze dokumentéiere wou d'Firmen ugemellt sinn.
"Also all déi Daten si public, déi sinn ëffentlech zougänglech, déi sinn am Luxembourg Business Register an do kann een all Firma nosichen, déi ee wëllt, an do sinn dann déi Informatiounen drop. Dat Eenzegt, wat een net ka maachen, ass eng Adress nosichen. Et geet just fir eng Firma no der anerer ze kucken."
Fir de Projet ze visualiséieren huet de Pascal Piron an enger Vitrinn e Plotter installéiert dee mat engem Bic all Firma opschreift déi op enger Adress registréiert ass.
De Pascal Piron betount: "Et sinn awer och Adressen dobäi. Do gëtt d'Blat ëmmer méi voll an ëmmer méi voll. An dat sinn Honnerten, Dausende vu Firmen. An ech hunn eng Adress fonnt op där 2424 Firmen ugemellt sinn."
Wéi de Kënschtler erkläert, huet et ronn dräi Méint gedauert, fir déi verschidden Adressen am Kader vu senger Recherche zesummenzedroen. Laut engem EU-Reglement vun 2024 sollen déi entspriechend Datebanken an hirer Totalitéit ëffentlech a gratis zougänglech sinn. Am Kader vu senger Recherche weist de Pascal Piron drop hin, datt den Zougang zu dësen Donnéeën zu Lëtzebuerg net an allen Hisiichten dëse Virgaben entsprécht.
"Public Record" vum Pascal Piron ass nach am Kader vun der Art Week bis den 22. November ze gesinn. Dat an der 6, Rue Jean Origer an der Stad.