
D'nächst Joer riicht Den Atelier also erëm Bünen um Parking vun der Luxexpo an am Haff vun der Abtei Neimënster op. An de leschte Joer konnten esou Kënschtler wéi de Robbie Williams, Katy Perry, Justin Timberlake, The Offspring, Green Day, Scorpions, Sting, Clueso, Zaz, Paul Kalkbrenner, Snow Patrol oder Guns n' Roses empfaange ginn. Fir 2027 huet de Concertsorganisateur aus der Hollerecher Strooss schonn Take That an The Neighbourhood ugekënnegt.
Op enger Pressekonferenz sinn dann elo déi nächst Nimm bekannt gemaach ginn.
An der Abtei Neimënster sinn et 2027 dës Concerten:
2. Juli - Wilco
6. Juli - Zazie
7. Juli - Take That (war scho bekannt)
8. Juli - Pomme
Fir de Luxexpo Open Air 2027 sinn et dann dës Nimm:
28. Juni - Mötley Crüe
29. Juni - Teddy Swims
5. Juli - The Neighbourhood (war scho bekannt)
13. Juli - Jungle
15. Juli - Placebo

Tickete fir déi eenzel Concerte ginn den 19. November um 10:00 Auer an de Virverkaf. Et kann ee sech awer och fir en exklusive Presale op atelier.lu aschreiwen a schonn den 18. November um 10:00 Auer Tickete kafen.