"Winterreise"

© Patrick Galbats
Eng deels absurd Rees, déi duerch hir Atmosphär an excellent schauspilleresch Leeschtunge komplett iwwerzeege kann an déi ee net soll verpassen.
D'Sprooch vun der Éisträicher Schrëftstellerin a Literaturnobelpräisdréierin Elfriede Jelinek ass net ëmmer déi bekëmmlechst a verlaangt engem vill Konzentratioun of. Ma dem Regisseur Jakob Arnold no geet et a Winterreise och guer net drëms, alles kënnen ze verstoen oder ze interpretéieren, mee sech op déi komplett Atmosphär vum Stéck anzeloossen. Dat fält engem als Spectateur a mengen Aen och ganz einfach, a wärend annerhallwer Stonn gëtt ee matgeholl op eng Rees duerch ënnerschiddlech Themen an Emotiounen.
En Alpinist zitt eng héich stole Konstruktioun duerch de Schnéi. Op der Konstruktioun verschidden Instrumenter a fënnef weider Personnagen, déi Ufanks awer nach am Däischtere stinn. Den Ufank mécht e Monolog, an deem een direkt an d'Absurditéit an dat Onlogescht, wat ee vum Elfriede Jelinek kennt, gezu gëtt. An dat absurd ass och predominant wärend dem ganze Stéck. 8 Kapitel huet Winterreise, 8 ënnerschiddlech Sujete ginn thematiséiert, 8 Mol gëtt een an eng aner Stëmmung versat, 8 Mol wiesselt d'Bünebild, wann och deels just minimal. Déi grouss Konstruktioun aus Stol ass beim Stéck wéi en zentraalt Element, wat vun Zeen zu Zeen ronderëm gedréit gëtt, aus engem anere Wénkel gewise gëtt, aner Funktiounen erfëllt.
Déi véier Schauspiller op der Bün (Catherine Elsen, Nora Koenig, Max Thommes a Nickel Bösenberg) sprangen an déi ënnerschiddlechst Rollen, déi de Jakob Arnold erfonnt huet, vue datt et där Figuren am Original-Text guer net ginn. D'Sujete variéiere vu Kapitel zu Kapitel a sinn engersäits méi allgemenger a globaler, wéi d'Zäit an d'Vergänglechkeet, anersäits awer och ganz konkreter wéi e Bankeskandal an Éisträich oder de Fall vum Natascha Kampusch. Lëtzebuerger Referenze sinn dann awer och an den Text integréiert ginn. Sou gëtt d'Cartias zum Beispill an der Zeen iwwert d'Banken erwäänt oder et ass riets iwwert de Parking vum Cactus, wou Männer hir Fotoe fir Dating-Apps maachen.
Begleet ginn d'Texter vu live Musek op der Bün vum Franz Leander Klee am Henning Nierstenhöfer déi ënnert anerem Piano, Akkordeon oder Trompett spillen. Deels begleede se d'Textpassagen, deels steet d'Musek am Vierdergrond an dominéiert. Och hei gëtt mat engem Wiessel gespillt, deen dem Stéck eng extrem flott Dynamik gëtt an e Rhythmus deen een op der Rees begleet.
D'Leeschtunge vun de véier Acteuren, Catherine Elsen, Nora Koenig, Nickel Bösenberg a Max Thommes si luewenswäert. All Mimik, all Gestik sëtzt, alles a jiddereen ass openeen ofgestëmmt a léisst een och bei seriöen Themen ëmmer erëm haart laachen oder an sech era schmunzelen.
Eng Rees, déi een a mengen Ae wierklech net verpasse soll an nach dësen Dënschdeg, Mëttwoch an Donneschdeg am Kapuzinertheater ze erliewen ass.