Den Thomas Shelby an d'Peaky Blinders sinn zu Lëtzebuerg
Déi weltwäit bekannten Danzgrupp Rambert interpretéiert d'Gangster-Serie nei a bitt dem Spectateur een Danzspektakel, deen ee sou nach net gesinn huet.
"Peaky Blinders: The Redemption of Thomas Shelby", dëst ass den Titel vum groussen Danzspektakel vu Rambert. Et geet, wéi den Titel et scho verréit, ëm de Grupp Gangstere vu Burmingham aus den 1920er Joren.
Den Choreograph vun der Danz-Company huet heivir mam Steven Knight, dem Regisseur vun der beléifter Netflixserie Peaky Blinders zesumme geschafft. Ze gesi kritt een eng immersiv Choreographie, an där Dänzer perfekt mam Bünebild an der Musek harmonéieren. De Groussen Theater ass houfreg, den Optakt vun der Europatour vu Rambert maachen ze kënnen.
Eng international Danzgrupp am Haus ze hunn, ass ëmmer opreegend an zitt ee grousse Public un, virun allem wa se sou bekannt sinn. An dësem Fall treffen natierlech puer Elementer openeen: mir hunn eng immens Danzgrupp wéi Rambert an dann nach mat sou enger mega Produktioun. Da passt einfach alles wonnerbar zesummen, sou den Tom Leick-Burns, Direkter vum Groussen Theater.
Rambert’s Peaky Blinders: The Redemption of Thomas Shelby kann ee sech nach bis e Samschdeg an de Groussen Theater ukucke goen.