E Sammler bezilt 500.000 Dollar fir en Drock, deen emol keng 1.000 wäert soll sinn. Elo gouf d'méiglech Fälschung duerch eng Fotografie entlarvt.

Den Andy Warhol war dee wichtegste Vertrieder vun der Konschtrichtung "Pop-Art". Zu Berlin steet elo en 69 Joer ale Konschtexpert viru Geriicht, well en en Drock, deen an enger Online-Auktioun ëm déi 700 Dollar kascht, soll als Original weider verkaf hunn, esou de Reproche vum Parquet.

Den Drock, deen d'Marilyn Monroe duerstellt, huet en op eng Leinwand gespaant an a senger Galerie als Original presentéiert. Duerch d'Behaaptung, et wier schonn en anere Sammler drun interesséiert, huet e beim Affer Kafdrock opgebaut a krut vun dësem 500.000 Dollar fir d'Bild, heescht et weider.

Opgeflunn ass de mégileche Bedruch, well op der Leinwand, also ënnert dem Bild selwer, eng Fotografie ass, op där een den Andy Warhol gesäit. Dës Fotografie ass aus de 70er Joren, d'Bild selwer war awer als Wierk aus dem Joer 1962 uginn.

Ob et sech elo wierklech ëm eng Fälschung handelt an ob de Konschtexpert dowéinst wéinst Bedruch verurteelt gëtt, soll de Prozess klären, dee bis Mëtt Dezember daueren dierft.