Ënnert dem Motto "Extremes" feiert de "rainy days" Festival vum 20. bis de 24. November d'Villfalt vun der neier Musek.

De "rainy days Festival" presentéiert dem Public dëst Joer eng Hellewull aussergewéinlech Projeten, déi e gudden Androck dovunner ginn, wat aktuell an der wäiter Welt vun der neier Musek virgeet - dat ënnert der Leedung vun der Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz.

An der Philharmonie, an de Rotondes an am Kapuzinertheater treffe vum 20. bis de 24. November déi verschiddenst Extremer openeen a gi ganz nei Relatioune mateneen an.

Etabléiert an opstriewend Museker a Komponisten aus Lëtzebuerg an der ganzer Welt presentéieren dem Public hir neiste Wierker an Iddien a loossen een, getrei dem Motto, "extrem" spannend Klangerfarunge maachen. Dorënner z.B. 12 Hours, een zwielefstënnegt Stéck vum Catherine Kontz, de Sheer Frost Orchestra mat enger Kompositioun fir 17 E-Gittaren, oder d’Installatioun Extreme Nature, déi den Nolauschterer an déi faszinant Klangwelt vun der Natur andauche léisst.

Natierlech ginn et awer och Klassiker, wéi John Cage, Morton Feldman oder Erik Satie ze entdecken.
 
Nieft Performancen an Installatioune sti wärend deene fënnef Deeg och Workshoppen, Konferenzen a souguer ee Kaffiskränzche mat Komponisten um Programm.

Schonn zanter 2000 luet de Festival déi ganz Famill dozou an, einfach an d'kaalt Waasser ze sprangen a ganz nei, ongewinnte Kläng ze entdecken.

Dee ganze Programm vum "rainy days" Festival 2024 fënnt een hei.

Den 9. November war déi artistesch Direktesch vum Festival, Catherine Kontz, Invitée am No Art on Air. Déi ganz Emissioun fannt Dir op RTL Play.