D’Bridderhaus zu Esch geet mam Salon de Helen Buchholtz an déi 2. Editioun an organiséiert och 2024 erëm allerhand Evenementer ronderëm d’Thema Musek.

An d’Liewe geruff gouf de Salon de Helen Buchholtz am Kader vun Esch 2022 fir un d’Escher Komponistin, Helen Buchholtz, déi virun allem wärend der Salonskultur aktiv war, ze erënneren.

A senger éischter Editioun hat sech d’Bridderhaus an en traditionelle Salon verwandelt, mee zwee Joer méi spéit steet e méi modernen an intime Kader am Vierdergrond. Och wann d’Komponistin weider hiren Numm fir de Salon hiergëtt, soll de Kënschtler dëst Joer méi Fräiheet, wat hire Museksstil ugeet, gelooss ginn. 
 
All Mëttwoch a Sonndeg ginn am Kader vum Salon de Helen Buchholtz Concerte vu verschiddene Lëtzebuergeschen an auslännesche Kënschtler organiséiert an dat a klenge Säll, déi, am Verglach zu grousse Musekshaiser, de Publik an d’Kënschtler méi no zesumme bréngen. Esou kann een dëse Sonnden zum Beispill den Escher Conservatoire oder e klassesche Concert vum Ema Nikolovska zesumme mam Kunal Lahiry lauschteren. Mam But Musek an aner Konschtaarten ze verbannen, ginn an der Annex vum Bridderhaus ausserdeem Filmer zum Thema Musek gewisen a weekends kann ee sech am Haaptgebai op eng Tea Time treffen.
 
Zousätzlech gëtt et an der Galerie vum Bridderhaus eng Fotosausstellung iwwer Esch an de 50er a 60er Jore gewisen. Ausgestallt ginn hei Fotoe vum Marcel Schroeder an Théo Mey, wichteg Lëtzebuerger Fotografen, déi d’Liewen zu Esch viru ronn 70 Joer festgehalen hunn. 
 
De Programm vum Salon de Helen Bucholtz am Bridderhaus zu Esch leeft nach bis den 1. Dezember.