De Leif Trenkler fir d’éischte Kéier zu Lëtzebuerg
An der Galerie Schortgen an der Stad ass eng nei Ausstellung vum Leif Trenkler mam Titel "Pink Horizon" opgaangen.
Et ass dem Kölner Kënschtler, deen 1960 gebuer gouf, seng éischte Solo-Ausstellung zu Lëtzebuerg. Gewise gi seng Wierker net nëmmen an der Galerie Schortgen, mee och am Kader vun der Luxembourg Art Week am Zelt um Glacis.
Iwwerdriwwe Faarwen, Retro-Motiver an aussergewéinlech Atmosphären : Esou kann een dem Leif Trenkler seng Biller, gemoolt mat Uelegfaarwen op Bierkenholz, beschreiwen. No engem éischten Treffen op enger Konschtfoire war et fir den Direkter vun der Galerie Schortgen kloer, dass hien dem Kënschtler seng Wierker bei sech wéilt ausstellen, well se genau an d’Konzept vun der Galerie passen.
Mat sengem Stil, dee representativ fir d’Neue Figuration ass a mat Luucht a Schieter spillt, kreéiert de Leif Trenkler vertraute Momenter, an déi sech jidderee ganz einfach eraversetze kann. D’Motiver sinn eng Mëschung aus Realismus a Fantasie, déi sech um Kënschtler sengem Liewen inspiréieren. Virun allem sinn et Kandheetserënnerungen, mee och Reesen, déi hie mat senger Fra Niobe, déi als Jazzmusekerin aktiv ass, gemaach huet, déi seng Biller inspiréieren.
Wichteg ass et dem Kënschtler, als Kontrast zur Negativitéit an der Welt, eppes Schéines ze kreéieren. Déi kräfteg Faarwe sollen et engem erméiglechen, d’Welt méi intensiv ze erliewen an d’Realitéit mat aneren Aen ze gesinn.
Wee sech dem Leif Trenkler seng Wierker ukucke wëll, kann dat nach bis de 7. Dezember an der Galerie Schortgen oder wärend der Luxembourg Art Week maachen.