Dëse Weekend war nees Bazar International an der Luxexpo
55 Natiounen, 60 Stänn, 30.000 Visiteuren an honnertdausenden Euro fir de gudden Zweck. Dat ass de Bazar International.
Dëse Weekend war de karitativen Event nees zréck an der Luxexpo The Box um Kierchbierg. D’Veranstaltung bitt engem d’Méiglechkeet, a kuerzer Zäit vill verschidde Länner, hir Kulturen, Konschthandwierker an traditionellt Iessen a Gedrénks kennenzeléieren.
De Benefice vun all deene Suen, déi um internationale Bazar zesummekommen, gëtt all Joers gespent.
Déi Kéier sollen eng 30 Projete weltwäit finanziell ënnerstëtzt ginn. Dës wiere ganz gewëssenhaft ausgesicht ginn, sot d’Carmen Decalf, d’Presidentin vum internationale Bazar. Et géif ee genee kontrolléieren a suivéieren, datt déi gespent Suen och wierklech op de richtege Plaze géifen ukommen. Fir déi Exaktheet géifen déi 1.000 benevole Leit, déi fir de Bazar am Asaz sinn, och ëmmer nees gelueft ginn.
Anescht wéi zejoert, war dëse Weekend Israel och nees um Bazar International dobäi. Wéinst dem geopolitesche Konflikt an der Gazasträif gouf awer fir verstäerkt Sécherheetsmoossname gesuergt. Et wier traureg, datt een op zousätzlech Securitéit misst zréckgräifen, dat sot déi Responsabel vum israeelesche Stand, d’Anne Gosset. Mee et wier leider néideg, well et effektiv zu vereenzelte Incidente komm wier, wou hätt missen agegraff ginn.
Dobäi solle Politik a Relioun um internationale Bazar eigentlech keng Roll spillen. Am Géigendeel: et géif wierklech ëm de karitativen Zweck goen. Zejoert zum Beispill konnt ee mat engem Gewënn vu 500.000 Euro ville Leit uechtert d’Welt hëllefen.
D’Bedruchsaffär bei der Caritas hätt sech an den Aen vun der Carmen Decalf iwwregens net negativ op d’Generositéit vun de Leit ausgewierkt. Déi zéngdausende Visiteuren hätten dëse Weekend nees bewisen, datt ee gär an de Portmonni gräift, fir karitativ Projeten z’ënnerstëtzen.