An enger High-Tech-Welt, wëll d'ASBL Äerdschëff dem Low-Tech nees méi Bedeitung ginn an esou eng méi nohalteg Zukunft opbauen.

D’ASBL setzt sech fir en ëmweltbewosst Liewen an a sensibiliséiert op Theeme wéi Kreeslafwirtschaft, CO2-Foussofdrock, oder ebe Low-Tech-Léisungen. Wat dat an der Praxis bedeit, weist d’ASBL Äerdschëff elo an hirem éischten Theaterstéck. Do huet d’Produktiounsekipp sech nämlech zum Zil gesat, esou Ressourcë-schounend wéi méiglech ze schaffen.

Op den éischte Bléck ass "L’éveil des forces du M.A.L." en normaalt Theaterstéck. D’Geschicht dréint sech ronderëm d’Joana, eng jonk Fra, déi eng schwéier Zäit duerchmécht. Si trauert ëm hir Tatta a gëtt sech gläichzäiteg der Klimakris an hire Gefore fir de Planéit bewosst. Wat de Spectateur awer net direkt gesäit: et ass eng nohalteg Theaterproduktioun.

Am Virfeld vun der Virféierung hu mir d’Ekipp bei de Prouwe besicht. D'Marine Henry an den Emmanuel Garcia spillen Allenzwee am Stéck mat, këmmere sech awer och ëm d'Zeenographie. Bei allem wat een op der Bün gesäit - sief dat d’Kuliss oder d’Kostümer - huet ee versicht, sou mann wéi méiglech Neies ze kafen, erkläert d'Marine:

"Ce n’est pas plus compliqué, c’est plus d’organisation. Ça augmente les déplacements, il faut aller voir plein de magasins. Il faut demander aux gens ‘est-ce que vous auriez pas ça, vous auriez pas ceci’. Il faut s’adapter si on trouve pas exactement ce qu’on veut, mais ce n’est pas plus compliqué. (…) Il faut s’y prendre un peu à l’avance. Et ça donne un autre charme, je trouve."

Bei de Kleeder ass et dee selwechte Prinzip. Wat net aus den Déifte vum eegene Kleederschaf kënnt, oder geléint ass, kënnt aus dem Second-Hand-Geschäft.

Kompromësser fannen

Ma déi Low-Tech-Approche, déi doraus besteet, nohalteg ze handelen an den Impakt op d’Ëmwelt ze reduzéieren, stéisst och mol un hir Limitten, esou de Produzent an Direkter vun der Äerdschëff ASBL, den Tarik Bouriachi. Heiansdo kéim een net dolaanscht, och nei ze kafen:

"En fait le problème c’est que, quand on repose sur l’économie circulaire, on est obligé d’attendre que ce soit disponible. Mais si ce n’est pas le cas, nous on a une date à laquelle il faut qu’on ait le matériel. Au bout d’un moment, il faut prendre la décision, il faut trancher et se dire 'voilà on n’a pas réussi à récupérer tel ou tel élément, on va aller l’acheter, on est obligé’. Parce que ce n’est pas juste une démonstration de la démarche low-tech, il y aussi une volonté artistique et une vision du metteur en scène à mettre en œuvre." 

Natierlech géifen déi nei Saachen no de Virféierungen en zweet Liewe kréien, erkläert den Tarik. Ma et wier ee permanent Ofweien. Op där enger Säit spuert ee Budget a Ressourcen, wann ee
gebrauchten Objeten oder Kleeder benotzt. Anerersäits muss een an der Reegel op méi Plaze sichen a ronderëm fueren, wat zousätzleche Sprit an CO2 kascht.

En CO2-Bilan opstellen

Virun allem d'Ëmweltaspekter fléissen an eng grouss Rechnung an: e Bilan, an deem sämtlech CO2-Emissiounen, déi mat der Produktioun zesummenhänken, festgehale ginn. Zum Beispill d'Transportweeër, sief et vun de Schauspiller, wa si op d'Prouwe kommen, oder fir d’Material wat vun A op B gefouert gëtt. Do ginn allkéiers d’Kilometeren opgeschriwwen, esou den Tarik. Awer och d'Kilowatt pro Stonn, déi d’Luuchte verbrauche bei de Prouwen, fléisse mat an. Et sinn nämlech grad d’Luuchten, déi nieft dem Transport, dee gréissten ekologeschen Foussofdrock hannerloossen. Dofir huet een am Virfeld no Léisunge gesicht, erzielt de Co-Auteur a Regisseur Brice Montagne:

"La réduction de la consommation en terme de lumières se fait parce qu’on n’essaye pas d’éclairer le plateau au maximum, mais qu’on éclaire l’action. Donc il y a des grosses zones de plateau qui restent souvent dans l’ombre en fait. Et au-delà des ampoules en basse consommation etc. qui sont des outils qui peuvent nous aider, on utilise aussi des lumières domestiques, des simples lumières de table de chevet, ou de salon, qui consomment moins que des lumières de théâtre classiques."

Annerhalleft Joer huet den Tarik zesumme mam Brice um Theaterstéck geschafft. Den Tarik ass net just Co-Auteur a Produzent, mee spillt och eng vun de Rollen. An hien ass net deen Eenzegen an der Ekipp, dee méi Kapen huet. Och dat ass nämlech Deel vun der Strategie. Eng kleng Ekipp bedeit nämlech manner Verbrauch vu Ressourcen an CO2, esou den Tarik:

"Plus les rôles sont différenciés, plus il va y avoir de transports aussi, parce qu’on a tous tendance à venir en transport individuel. Alors que si on a 2-3 rôles, à chaque fois qu’on vient, on amène les 2-3 rôles en même temps."

De Spectateur mat abannen

Manner CO2 produzéieren, dozou rifft d’Äerdschëff ASBL och d'Spectateure vun hirem Theaterstéck op. Wie mam ëffentlechen Transport oder am Co-Voiturage kënnt, kritt eng kleng Belounung: 2€ Remise op den Entrées-Ticket. Doriwwer eraus, wier fir den Direkter vun der Äerdschëff ASBL vu vir era kloer gewiescht, dass dëst Theaterstéck e pedagogeschen Zweck sollt erfëllen, genee sou wéi de Recht vun den Aktivitéiten a Formatioune vun der ASBL. Den Tarik Bouriachi hofft, dass et d’Leit dozou animéiert, selwer aktiv ze ginn an no Weeër ze sichen, fir eng méi nohalteg Zukunft.