Vum 6. bis den 8. Juni ass déi 5. Editioun vun de Francofolies, deen och 2025 de Escher Gaalgebierg zum Wackele bréngt.

Wéi gewinnt gëtt dat Multikulturellt nees groussgeschriwwen. Freides wäert den DJ, Produzent a Museker Timmy Trumpet mat sengem Elektro-Optrëtt fir en Highlight suergen, nieft dem Rapper-Duo BigFlo & Oli, Biga*Ranx an dem Duo Jersey, déi ee mathuelen an d’Welt vun House an Elektro.

E Samschdeg da kann ee sech op de Soprano freeën, deen no senger “Chasseur d’étoiles"-Tour schonn déi nächst programméiert huet. Mat der “Freedom Tour” 2025 fënnt de bekannte franséische Museker, dann och de Wee op Esch.

E Sonndeg, um Ofschloss-Dag vun de Francofolies, hunn d’Organisateuren e Museker op Esch invitéiert, dee mat senger phenomenaler “aimée tour” mat iwwer 600.000 Spectateure fir ausverkaafte Concerten an Arenae gesuergt huet. Lo ass de Julien Doré zeréck a bréngt säin neien Album “Imposteur” mat op den Escher Festival. Donieft ginn et Optrëtter vun der Ikon vun der "chanson française" Michel Polnareff, dem Ben Mazué, Yodelice, de Museker Ko ko mo (déi d’lescht Editioun leider verpasst hunn) respektiv Gesangsperformancë vu Puggy, Solann oder nach Terrenoire.

Dëst ass awer just en éischten Deel vu weideren Annoncen. An den nächste Woche soll de Programm mat weideren Nimm vu bekannten an och manner bekannten Artisten, déi d’Lëtzebuerger Musekszeen onbedéngt entdecke sollt, komplettéiert ginn. D’Concerten, déi wéi gewinnt an der Kufa an am Escher Theater sinn, goufen dann och ëm weider Partner erweidert. Méi gouf awer nach net verroden.

Et bleift also spannend...

RTL

“Early birds"-Tickete vun elo un

Bis weider Annoncë kommen, kann ee sech elo scho seng Tickete sécheren, mat de sougenannten “earls birds"-Billjeeën. Dës si limitéiert.
Fir d’Tickete ginn et dräi Optiounen:

  • 3-Dages-Pass: mat Accès op sämtlech Concerte vum Gaalgebierg
  • Dages-Ticket: freides, samschdes oder sonndes, jee no Präferenz
  • “coupe-file"-Ticket: fir déi méi Presséiert, mat dësem Billjee kënnt een éischter bäi an der Entrée

Sämtlech Informatiounen iwwer d'Tickete ginn et HEI.